Radioen

On air

Notturno  |  Jeff Buckley - Last Goodbye

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staatsrot net mat de geplangten Texter averstanen

Jugendschutz a Jugendstrofrecht

Staatsrot net mat de geplangten Texter averstanen

E puer Dose formell Oppositiounen huet de Staatsrot a sengen Avisen zum Jugendschutz a Jugendstrofrecht gesprach. D'Gesetzesprojete wieren net koherent, d'Texter wiere schwéier ze liesen a misste verdäitlecht ginn. Dobäi kéim datt d'Texter net genuch op aner rechtlech Domainer ofgestëmmt wieren esou de Staatsrot. D'Jugendschutzreform gesäit vir de Jugendschutz vum Jugendstrofrecht ze trennen an nei ze reegelen. D'Fro déi sech elo stellt ass op den Text nach virum Summer duerch d'Chamber kënnt.

auto_stories

2 min

Virun engem gudde Joer huet d'Regierung dräi Gesetzesprojeten zum Schutz vu Mannerjärege presentéiert. D'Avise vum Staatsrot fir zwee Stéck sinn elo do. Ugefaange mat dem vum Jugendschutz. D'Intentioun vum Text wier d'Mineuren an de Mëttelpunkt ze stellen, mee de Mannerjärege géif selwer net aktiv participéieren, bedauert de Staatsrot.

Aus dem Text géif zum Beispill net ervir goen, ob e Jugendlechen an der sougenannter fräiwëlleger Phas och verschidde Mesurë kéint froen déi géint d'Meenung vu den Eltere sinn. Weider wier den Terme "Famille" ze vill restriktiv definéiert a géif weder d'Grousselteren nach d'Schwéiereltere consideréieren. De Staatsrot fuerdert eng méi adaptéiert Definitioun vum Terme "Famill".

Roll vum ONE net kloer definéiert

Aus dem Text géif och net ervirgoe wien am Fall wou d'Elteren sech net eens si par Rapport zu enger Mesure, tranchéiere soll. Vill Onkloerheete géif et och ginn iwwert d'Roll vum Office National d'Enfance. Den ONE soll an Zukunft responsabel si fir d'Mesurë vum Jugendschutz en Place ze setzen an ze exekutéieren. Éischtens géif d'Wuert "Decisioun" net am Artikel virkommen. Deemno wier onkloer, ob d'Decisiounen zesumme mat der Famill oder mam Jugendleche geholl ginn, oder, ob den ONE eleng kann decidéieren. Wat de festgehalene Strofmündegkeetsalter am Jugendstrofrecht ugeet deen am Text op 13 Joer ugesat ass, sou iwwerléisst de Staatsrot dëse Choix der Chamber.

Net kloer, ob d'Texter nach virum Summer kënne gestëmmt ginn

D'Erofsetze vun der penaler Responsabilitéit vu 14 op 13 Joer war an de leschte Méint e grousse Kritikpunkt ënnert anerem vum Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher. Ma onofhängeg vum Alter hätt de Choix vun engem Strofmündegkeetsalter Konsequenze fir bestëmmte Strofdoten. De Staatsrot zitéiert d'Beispill vu Mannerjäregen ënner 16 Joer déi eng sexuell Relatioun hunn an déi sech dobäi strofbar maachen. Elo mussen d'Texter nach eemol iwwerschafft ginn. Ob d'Chamber nach virum Summer driwwer ofstëmmt bleift den Ament onkloer.