FRÄIE MIKRO Jugend ënner Drock

An der Pandemie bezuelen di Jonk een extra héije Präis: d'Pubertéit ass annuléiert, et rifft d'Kannerzëmmer amplaz vun der Uni. E bësse méi Respekt fir si, fuerdert d'Judith Reicherzer, Medienexpertin am Lycée Aline Mayrisch.

Judith Reicherzer / tt

Meenung Judith Reicherzer
D'Judith Reicherzer ass Medienexpertin am Lycée Aline Mayrisch. Foto: Archiv

Fir de Kleesche stounge se moies virun aacht Auer verstoppt hanner dem Parking. Verkleet als Engelen, mat Alkohol an ouni Corona-Distanz. Besuergt Passanten hunn direkt an de Lycéeën ugeruff fir ze mellen, datt sech d'Schüler net un d'Corona-Reegele géifen halen.

Scho rëm déi Jonk. Beim Black Friday hu se sech an de Butteker getraff, um Weekend gesi si sech bei zwee Grad am Bësch fir eng kal Party, an um Aldringer knuutschen se ouni Mask niewent dem Beemchen. Et kann een alles op Facebook kucken, do gi vu besuergten Erwuessenen dacks Beweisfotoen gepost a béis kommentéiert. Do ginn déi Jonk geschleeft, vun all deene Bierger, déi elo als Hobby-Virolog schaffen a genee wësse, wéi et geet mam Corona.

"Kanner, rappt iech um Rimm!"

An et ass jo och grad schlëmm. De Virus ass iwwerall. A net just d'Regierung an d'Schoulen, och vill Eltere setzen elo streng Limitten:

"D'Bom kënnt muer, dofir gees du haut net bei d'Frëndin. Däin 18. Gebuertsdag, dee feiere mir dëst Joer ganz gemittlech an der Famill. An de Führerschäin méchs du d'nächst Joer. Mir sinn an enger Pandemie, rapp dech, Kand!"

An d'Kanner rappe sech - ganz vill. Si bleiwen doheem bei der Mamm, amplaz mam Kolleeg am Café ze schnëssen. Si studéieren online am Kannerzëmmer amplaz op der Uni zu Wien. An dreeme just vun engem Flirt um Studentebal.

Am Lycée sinn déi Grouss eng Woch op déi aner lo doheem. Um aacht Auer musse si virum Schierm sëtzen. Ee normale Stonneplang huet de Ministère virgeschriwwen. Pedagogesch schwiereg, praktesch awer ze maachen. Mir zéien dat Joer duerch, dat ass Konsens. Souguer de Sport leeft am Stream virun, amplaz Schwammen gëtt et elo Muskulatioun um Kichebuedem. D'Proffe kontrolléieren am Stonnentakt, ob all Mënsch do ass. D'Schüler sinn eleng doheem.

Online duerch den Dag

Anescht wéi am Fréijoer si vill Elteren op der Aarbecht an déi méi jonk Geschwëster an der Schoul. Mat 16 kann een eleng eens ginn, heescht et. Kann een och, mee einfach ass et net. De Cours leeft um iPad, de Proff stellt eng Fro, Amazon schellt un der Dier an de Mupp billt. Mëttes gëtt et keng Kantin, a jo, fir op d'Toilette muss een op mute stellen an d'Kamera ausmaachen.

No der Schoul geet et online virun. Kee Club méi, kee Kino, keen Ekippesport, elo ass alles op Distanz. De Projet vum Jugendtreff leeft just nach am Teams virun, et schafft ee mat, mee d'Begeeschterung ass fort. Beim Basket Frust ofloossen, mat Kolleege feieren, geckeg Saache maachen - alles verbueden.

D'Pubertéit ass annuléiert

Och de Kleeschen. Zanter Generatiounen ass den Dag fir d'Primaner en Highlight. Dëst Joer war de Kleesche vulnerabel. D'Direktiounen haten den Exzess gefaart an d'Visitt vum ale Mann verbueden oder staark limitéiert. "Keng onnéideg Kontakter, sidd räsonabel, Kanner!" An d'Schüler ware räsonabel. D'Engele souze mat Mask an Ofstand am Klassesall an hu brav geschafft. An hir Proffen hu se traureg gekuckt.

Si gesinn eng Generatioun, déi vill ze séier erwuesse muss ginn. Et ass Corona, d'Pubertéit ass annuléiert. Déi Jonk verstoppe sech, fir eng Stonn ze feieren, a schumme sech dono eng Woch. Si wësse genee, datt déi ganz Klass a Quarantän kënnt, wa si doheem Party maachen a positiv getest ginn. Si wësse genee, datt si fir aner e Risiko sinn, wann si sech goe loossen.

Vill vun hinne ginn dowéinst elo hir Jugend op, fir an der Pandemie gutt ze funktionéieren. Respekt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Laura Zuccoli Meenung
Fräie Mikro

De STATEC stellt fest, datt de Wuesstum haaptsächlech an deene Beruffer stattfënnt, déi op den zwee Enner vun der Gehälterskala stinn. Wat stécht do derhannert, freet sech d'Laura Zuccoli am Fräie Mikro.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen