Deen Hotel mat 60 Zëmmeren ass als Jugend a Famillje-Gaaschthaus geplangt. Eppes wat d'Gemeng och interesséiert huet, wëll niewendrun esouwuel Sportsinfrastrukture leien ewéi och de Scoutschalet. Dobäi kéim, datt et an deem selwechten Eck och touristesch Attraktioune ginn. Dozou zielen d'Minièresbunn an den Train 1900.
Zwou Meenungen zur Ëmweltetude
Datt deen Terrain um Bord vun enger Natura 2000 Zon läit, gëtt an de Geneemegungsprozedure berécksiichtegt, seet de Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina. D'Biergerinitiativ Doihl seet awer, datt déi Ëmweltetuden net rezent wieren. Dozou de Spriecher vun der Biergerinitiativ Doihl, den Henri Krecké:
"Déi FFH-Verträglichkeitsstudie, déi bei esou Natura 2000 Zone musse gemaach ginn, an déi deemools jo och gemaach ginn ass, déi hätt missen iwwerschafft ginn, op déi nei Gesetzesbasis. Mir hunn Experten ëm Rot gefrot, déi direkt gesot hunn: déi haiteg Geneemegung hätt missen op enger adaptéierter Versioun vun der FFH-Verträglichkeitsstudie baséiert ginn."
Eppes, wat de Péitenger Buergermeeschter widderleet. 2017 gouf eng nei Ëmweltprüfung realiséiert fir den neie PAG auszeschaffen. An d'Geneemegung vum Environnement baséiert sech op ee Rapport vum Bureau d'etude Gessler aus dem Joer 2020. Dozou de Pierre Mellina:
"Dat Dokument, wou den Environnement sech drop berifft, dat staamt aus dem Oktober 2020. Datt do eventuell Elementer kënnen aus fréieren Etudë mat iwwerholl gi sinn, dat kann ech mir ganz gutt virstellen. Op deem Site, dat ass een Akerland, do ass just ee Bauer, deen huet geplout drop, do ass an de leschten 20 Joer näischt geschitt."
Eng Navette fir manner Verkéier
Am Kader vun der Consultatioun koume Reklamatiounen eran. An enger Entrevue huet de Buergermeeschter wärend dräi Stonne mat de Leit diskutéiert. Awunner aus der Noperschaft hate Bedenken zum Verkéier, do ass eng Léisung virgeschloe ginn:
"JUFA-Hoteler, déi soen eis: just een Drëttel komme mam Individual-Verkéier. Déi aner komme mam ëffentleche Verkéier. An dofir hu mir schonn als éischt ugeduecht, an dat hu mir scho mat hinne geschwat, datt mir géingen eng Navette vun der Rodanger Gare bis bei den Hotel maachen, wou mir dann déi Leit kéinten hin an hir transportéieren."
Reklamatioune gouf et och zu der Beliichtung, déi negativ Konsequenzen op déi lokal Fliedermäis hätt. Do soll awer an der Baugeneemegung déi passend Oplo materafléissen, präziséiert de Pierre Mellina. A wann d'Gemeng mat der Planung vum Wellnesskomplex ufänkt, da soll de Verkéierskonzept nach eemol adaptéiert ginn. De Pierre Mellina wéilt an den nächsten Deeg eng Baugenehmegung fir de JUFA-Hotel ënnerschreiwen.
Awunner fille sech net genuch involvéiert
D'Biergerinitiativ Doihl bedauert, datt d'Bierger net méi geziilt ugeschwat goufen, wéi de Projet geplangt gouf. Elo hätt een ee Recours gracieux un den Ëmweltminister adresséiert, datt de Buergermeeschter vu Péiteng elo séier wëllt d'Geneemegung ënnerschreiwen, esou den Henri Krecké:
"Well mir hunn si iwwert alles a Kopie gesat. Wann ee weess, datt ee recours gracieux nach um Lafen ass, datt an deem Moment schonn eng clause suspensive op eise Friste leeft, wat mol d'Naturschutzgeneemegung ass, an da kënnt an der Zäit schonn eng kommunal Baugeneemegung duerch, am Wëssen, datt do awer nach een Damokles-Schwäert kéint driwwer hänken an ëmmer nach vum Ministère kann eng Reaktioun kommen."
D'Biergerinitiativ Doihl wier och am gaangen eng ëffentlech Petitioun an d'Weeër ze leeden. De Projet JUFA-Hotel vu Péiteng wäert also nach fir Gespréich suergen.