Déi nei Presidentin vum Presserot seet sech enttäuscht vun der Regierung, wat där hiren eegenen Usproch vun Transparenz an Oppenheet ugeet. D'Ines Kurschat kritiséiert an deem Kontext déi sougenannte "Circulaire Bettel". Déi Circulaire un d'Verwaltungen hätt dozou gefouert, datt Journaliste vill Zäit verléieren, wann et ëm den Zougang vun techneschen oder statisteschen Informatioune geet, well si ëmmer iwwer e Pressespriecher musse fueren.
Journaliste missten hautdesdaags besonnesch séier schaffen, dofir fuerdert de Presserot eng gesetzlech Regelung iwwer den Informatiounszougang speziell fir Journalisten, wéi dat och am Ausland de Fall ass. De Gesetzesprojet iwwer den Informatiounszougang fir Bierger, deen um Instanzewee ass, géif fir Journalisten net wäit genuch goen.
Lëtzebuerg brauch e Whistleblowergesetz
Et wier dréngend noutwendeg, datt Lëtzebuerg e Whistlebowergesetz géif kréien, seet d'Ines Kurschat. Grad wéinst der Finanzplaz an der klenger Gréisst vum Land. De grénge Justizminister Félix Braz hat an der Vergaangenheet esou e Whistleblowergesetz versprach. A rezenten Aussoen huet de Félix Braz awer ausgeschloss, datt dat nach dës Legislatur de Fall wäert sinn, an hien huet op déi Europäesch Kommissioun verwisen.
Et géif ëmmer op Bréissel verwise ginn, wann ee selwer grad keng Zäit hätt, oder aner Prioritéiten hätt, seet d'Ines Kurschat. "Et verhënnert jo eigentlech näischt de Justizminister fir Avantgarde ze sinn an einfach mol en Text auszeschaffen." Rezent Fäll wéi Luxleaks oder d'Affär ëm de Chambersite géife weisen, datt esou e Gesetz géif feelen. "Leit, déi sech traue fir Informatioune weiderzeginn, déi brauche Schutz, dat ass ganz kloer", seet d'Ines Kurschat.