Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Ee schéine Cadeau"

Regierungsprogramm

"Ee schéine Cadeau"

Si perséinlech wier "net begeeschtert" gewiescht, wéi an de Koalitiounsverhandlungen decidéiert gouf, den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, seet déi nei gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché. Et wier "e schéine Cadeau", deen d'Land och méi attraktiv géif maachen.

auto_stories

2 min

Fir si wier den Ausbau vum ëffentlechen Transport, d'Verbesserung vun der Offer, méi eng grouss Prioritéit. Anerersäits misst ee wëssen, datt iwwer de Verkaf vu Billjeeë souwisou just eppes méi wéi siwe Prozent vum Käschtepunkt vum ëffentlechen Transport géife gedeckt ginn. Déi aner 93 Prozent géife vum Staat iwwerholl ginn. An deem Sënn géif en elo vläicht gratis fir den Eenzele ginn, awer net fir d'Allgemengheet.

De gratis Bus, Zuch an Tram wier "e schéine Cadeau", deen d'Land vläicht méi attraktiv géif maachen, dee si awer net onbedéngt géif pedagogesch richteg fannen. Den ëffentlechen Transport kéint ni gratis sinn, seet d'Josée Lorsché. De Staat géif bannent zéng Joer 3,8 Milliarden Euro an den Ausbau vum CFL-Reseau investéieren. "D'Fro ass just, wéi en da bezuelt gëtt. Ganz vum Staat, oder zu 7 Prozent mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun deenen, déi dann dovu profitéieren."

CSV-Staat hanner sech gelooss

Joerzéngtelaang hätt d'CSV d'Leit gleewe gedoen, et géif net ouni si goen hei am Land. Mat Pierre Werner, Jacques Santer a Jean-Claude Juncker hätt si och ëmmer Pappefigure un der Spëtzt vun hire Regierunge gehat, déi deen Androck nach verstäerkt hätten, seet déi nei Presidentin vun der grénger Chamber-Fraktioun. Déi lescht fënnef Joer hätten awer gewisen, datt et och ouni d'CSV geet, sou d'Josée Lorsché.

"D'Land ass net ënnergaangen, et ass erwuesse ginn. Mir hu gutt zesumme geschafft, d'Land geet weider, mir entwéckelen eis virun. A mir hunn de Moment mam Xavier Bettel éischter e Kumpel un der Spëtzt, wéi en Iwwerpapp."

Mat néng Sëtz hunn déi gréng hiert historesch bescht Wahlresultat gemaach. Déi nei Stäerkt huet dozou geféiert, datt d'Partei an der neier Regierung och Ressorten iwwerhëlt, déi net klassesch gréng sinn. Esou zum Beispill de Logement, oder och - méi iwwerraschend - d'Arméi an d'bannescht Sécherheet. War de François Bausch wierklech Demandeur, fir déi zwee Ministèren ze iwwerhuelen? Koalitiounsverhandlunge wiere kee "self service", et géif drëm goe gerecht ze verdeelen a Verantwortung ze iwwerhuelen. Dat géif de François Bausch an dësem Fall maachen. déi gréng géifen och weder d'Police, nach d'Arméi ofschafen. Heiansdo misst een eben och manner bequem Ressorten iwwerhuelen, déi "net onbedéngt gréng" wieren. "Mee och mir mussen alles, wat an eisem System besteet, och matdroen, an et dann esou gestalten, wéi et der grénger Iddi am noosten ass."