Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jonk, Schwaarz a Lëtzebuergesch

Stëmme vun enger neier Generatioun

Jonk, Schwaarz a Lëtzebuergesch

Véier Méint sinn et hier, datt de schwaarzen Amerikaner George Floyd an den USA wéinst engem brutale Asaz vun der Police gestuerwen ass. D'Biller si ronderëm d'Welt gaangen an hunn international Protester géint Policegewalt a géint Rassismus lassgeléist. Och zu Lëtzebuerg gouf et eng Manifestatioun ënner dem Slogan Black Lives Matter. Mee wat bedeit et, zu Lëtzebuerg jonk a schwaarz ze sinn? D'Isabel Scott huet mat véier Concernéierte geschwat.

auto_stories

8 min

Foto: Archiv

Lauschterenplay_arrow


De Black Lives Matter Protest am Juni war de gréissten Anti-Rassismus Protest, deen et bis elo zu Lëtzebuerg gouf. Am Mëttelpunkt vun dësem Protest steet eng nei, jonk Generatioun, déi amgaang ass sech ze politiséieren. Mir wollte verstoen, wat si motivéiert huet, op d'Strooss ze goen. Si heeschen Ze Rui, Vanessa, Nasulina a Maimuna. Si ginn eis hiren Temoignage, wat et bedeit zu Lëtzebuerg Schwaarz ze sinn, mee och iwwer hir Visioun vun engem méi egalitärem Lëtzebuerg.

De Ze Rui, 31, ass zu Lëtzebuerg gebuer. Hie seet, fir hien als Schwaarz Persoun wier et net evident seng Plaz an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze fannen. Seng Matbierger géifen hien dacks net als Lëtzebuerger wouerhuelen.

Ze Rui Lopes, 31

"Zu Lëtzebuerg géif ech soen, datt ee seng Plaz huet mee et kritt een och gewisen, indirectement datt et net sou wierklech ass (...) Och wann ee Lëtzebuergesch schwätzt (...) et kann ee sech besser integréieren mat der Sprooch, sécher, mee et mécht een awer inconsciemment oder indirectement de Lien: hien ass awer Schwaarz."

D'Maimuna ass mat dräi Joer vu Portugal op Lëtzebuerg geplënnert. Och hatt kritt vu sengem Ëmfeld d'Gefill, wéinst senger Hautfaarf net en Deel vun der Gesellschaft ze sinn.

"Wann ech a Portugal sinn, da consideréieren d'Leit mech net als Portugisin well ech a Lëtzebuerg war. Mee wann ech a Lëtzebuerg sinn, consideréieren mech Leit net als Lëtzebuerger, well ech halt Schwaarz sinn."

Lëtzebuerg gëtt dacks als en diverst Land ugesinn. Dat war och fir dat 28 Joer aalt Vanessa de Fall. Viru véier Joer koum hat aus den USA an de Grand-Duché. Aus Gespréicher mat Leit hätt hatt séier realiséiert, datt et ville vun hinne schwéier fält mat senger Identitéit als "multi-racial" Fra ëmzegoen.

Vanessa Perez, 28

"(...) for me it was hard having the conversations with people. I talked about my identity and meeting people from Luxembourg and them just not having a clue about race and them having no idea of what it's like to even be multi-racial, to be black."

Och am Lëtzebuerger Schoulsystem géife Schwaarz Schüler diskriminéierend Situatiounen erliewen. De Ze Rui gouf zum Beispill mol mam N-Wuert vernannt a vu fréistem Alter u mat negative Stereotyppen a Verbindung gesat.

"Säit sechs Joer, wou e Kand schonn e conscience mindset huet, wat d'Saache sinn. Scho vun do un negativ Saache gesot kritt vu black people, datt si klauen, dat si net seriö sinn, dat sI sténken oder wat och ëmmer."

D'Nasulina huet 37 Joer, hatt ass dat eelst mat deem ech schwätzen. A senger Kandheet gouf hat och mam N-Wuert konfrontéiert.

"Wann ech lo zeréckdenken, da soen ech mer jo, et war zwar krass. Well wa meng Kanner dat lo matkréien, da fannen ech dat awer och krass."

Nasulina Varela, 37

Als Mamm mécht si sech Suerge fir hir zwee Kanner, wéi si de Schoulsystem navigéieren:

"Si soten am Ufank, well si och mat lauter Wäisser an der Klass sinn: Mamma, firwat sinn ech net wäiss, wéi déi aner Kanner? Da sees de 'oh Merde, do fänkt et un.(...) A wie weess, vläicht kënnt iergendwann d'N-Wuert vun engem Kand."

D'Maimuna kënnt elo op Première. Iwwer seng Zäit an der Grondschoul erzielt hatt, datt hatt am Ufank den Ënnerscheed tëschent sech a senge wäisse Matschüler net realiséiert huet, bis zum Moment wou Kommentaren iwwer säin Ausgesi koumen.

"Als Kand gouf ech ëmmer "Schokelaspudding" genannt an da war ech Esou: O merde - wake up call. Du bass net esou wéi si. Oder wann d'Leit ëmmer gefrot hunn: kann ech deng Hoer upaken? Gesinn ech aus, wéi wann ech en Déier an engem Zoo wier? Ech mengen net."

Dat ass och der Nasulina geschitt, datt ongefrot hir Hoer ugepaakt goufen:

"Ech hat oft sou Commentairen: 'Wat hues du mat dengen Hoer gemaach?' An dann hu se ëmmer d'Hoer ugepaakt. uh wéi komesch!'"

Als Schwaarz Schüler an der Minoritéit ze sinn zitt sech wei e roude Fuedem duerch hire schoulesche Parcours. A grad bei der Orientéierung fir an de Classique oder Technique wier et offensichtlech, datt d'Hautfaarf eng Roll bei der Entscheedung spille géif.

"Am Classique, mir waren 1.400 Schüler mee awer just fënnef (Schwaarz) Schüler. Am LTB: d'Hallschent vun de Schüler si Schwaarz!"

Maimuna Djaló, 20

Och am Lycée ass d'Maimuna net vu Rassismus geschount ginn:

"Am Jongelycée: ech gouf als Sklav vernannt, krut gesot, ech sollt zeréck plécke goen, an datt ech vun engem Meeschter fir zwee Cent ofkaaft gi wier. Ech si bei d'Direktioun gaangen. Den Direkter sot 'ech kann näischt maachen, well du hues ugefaangen.'"

Wéi am Athenée bei enger Theateropféierung Blackfacing gemaach gouf, huet hat sech bei der Direktioun beschwéiert. Et wier näischt geschitt, och keng Entschëllegung. Fir d'Maimuna huet sech dat ugefillt wéi e Schlag an d'Gesicht.

"Et gi souvill Aart a Weisen engem Schwaarzen ze soen: du bass mannerwäerteg. Ech hu Stagen an engem Spidol gemaach, well ech gäre Medezin maache wëll. Wéi oft gouf ech als Botzfra verwiesselt? (...) Ech hunn ni gesot, datt ech Botzfra wéilt ginn, mee et gouf direkt gesot 'ja, bass du déi nei Botzfra? Do denken ech mer; Merci, du hues mer lo wierklech gewisen, datt ech ënner der stinn.'"

"Ech sinn Eventplanner säit fënnef Joer. Déi éischt Eventer ze plange war ganz schwéier. Mir sinn zu dräi Eventplanner, dräi Schwaarzer (...) Ech hat en Event organiséiert a mir waren zu puer. Ech hunn de Patron net kannt. De Gerant jo, dee war mega korrekt. De Patron hat acceptéiert den Event ze maachen. Hie war och do den Dag vum Event. Ech hunn him wollten d'Hand ginn ... ech krut keng Hand vun him. Firwat? Voilà."

Institutionell Diskriminéierung wier dorunner Schold, datt et keng gutt Representatioun vu Schwaarze Lëtzebuerger an de verschidde Sparte vun der Gesellschaft géif ginn. Dat wierkt wéi eng negativ Spiral op déi nächst Generatioun, wei d'Maimuna fënnt:

"Ech hat zum Beispill a mengem Liewe keen ee Schwaarze Proff gesinn, an de Schoule wou ech war. Wa méi Schwaarz Leit an héije Positioune wieren, wier et fir eis Jugendlecher vill méi einfach. Ech si mer selwer net bewosst, wat ech am Liewen alles erreeche kann, well ech kee Schwaarze gesinn hunn, deen et hei a Lëtzebuerg gemaach huet."

D'Vanessa schafft am Finanzsecteur, ass do eng vun nëmmen ganz wéinege net-wäisse Fraen.

"Because there's not a lot of representation in the workforce, of people that look like me, I take it upon myself to work even harder so I can make a change. So kids coming up now can say, ok well there was somebody who did look like me and they made it."

Ech wollt wëssen, wou si Inspiratioun sichen, wéi si hir Identitéit opbauen, wou et wichteg ass Virbiller ze hunn. D'Maimuna fënnt an der black culture Inspiratioun.

"Our culture is so rich. It's not like the digusting white media (say) hungry kids with flies flying around their face. I mean yes we have that but it's not just that! And that's why I appreciated what Beyoncé did with Black is King. Being black is beautiful, absolutely beautiful."

Als Virbild hëlt een ëmmer déi amerikanesch Sänger, Schauspiller(...) déi sinn dann ëmmer do: du bass schwaarz, du bass staark! (...) Ech war do éischter op Gruppe wéi Destiny's Child an TLC, op esou Meedercher huet een eropgekuckt. Dat gehéiert och zu eiser Identitéit, déi schwaarz Musek. (...) 't ass iergendwéi déi bescht Musek!

(...) et sinn och lauter Lidder mat gudde Fréquenzen. An déi gutt Frequenze ginn an de Kierper an da freet ee sech, ass ee frou. (...) Afromusik, Afrobeats, ech mengen jiddwereen kennt den Burna Boy, wann ee Burna Boy héiert, ass ee frou. Firwat? t' ass einfach d'Frequenzen, déi am Lidd sinn, déi dat bréngen. Dat sinn afrikanesch Lidder."

Aus de véier Gespréicher deit sech d'Komplexitéit un, wéi et ass, zu Lëtzebuerg jonk a Schwaarz ze sinn. Et gëtt och kloer, datt dës Generatioun dovunner iwwerzeegt ass, datt sech eppes ännere muss, datt de Stellewäert vu Schwaarze Leit zu Lëtzebuerg méi Unerkennung verdéngt huet.

"Joerhonnerten, wou Schwaarz Leit wierklech oppressed goufen, wou se net déi selwecht Rechter haten. Ech mengen lues a lues fänkt et wierklech net méi einfach duerzegoen. Mir wëllen dat net méi maachen, an d'Leit verstinn net, wéi schwéier et ass, als Schwaarz Persoun an enger wäisser Gesellschaft ze liewen."

Alle véier fannen, datt zu Lëtzebuerg vill a méi oppen iwwer de Sujet geschwat misst ginn. Ugefaangen an der Schoul, wou d'Originne vu Schwaarzer Oppressioun méi déif opgeschafft misst ginn. A bis datt de Curriculum der Schwaarzer Geschicht méi Rechnung dréit, seet d'Vanessa, datt et u wäisse Leit wier sech selwer iwwer Rassismus opzeklären.

"It's not your black friend's responsibility to teach you about race, it's your responsibility to do the work. Research, read books: James Baldwin, Tony Morrisson. Educate yourselves!"

D'Defie fir seng eegen Identitéit an enger wäisser Majoritéitsgesellschaft ze forméiere si vilfälteg. An dach kristalliséiert sech aus eise Gespréicher eng positiv an optimistesch Nott: vu Black pride - Stolz, Schwaarz ze sinn - a vu Black joy. An och e Konsens, datt déi nei Generatioun vu Jonken ënner anerem duerch eng Prise de conscience besser ekippéiert wier, fir de Sujet vu Schwaarz-Sinn, vu strukturellem Rassismus an eng positiv, méi produktiv Richtung ze féieren.