Radioen

On air

Notturno  |  Sascha Ley - Travelling Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Jonk Japaner kréien net gelaacht"

Staatsviste a Japan

"Jonk Japaner kréien net gelaacht"

Japan ass e Land vun den Traditiounen an der Struktur, aus där et schwéier auszebriechen ass. Déi Jonk stralen zum Deel Hoffnungslosegkeet aus a wéinst dem Leeschtungsdrock huele sech der vill d'Liewen.

auto_stories

4 min

A Japan liewen am Moment 127 Milliounen Lait. Bis 2060 kéinnt déi Zuel allerdéngs op 86 Milliounen eroofgoen. D'Alterspyramid ass no uewen-hin vill méi breet wéi ënnen.

Bevëlkerung geet erof

D'Babyboomer, déi zu immens vill sinn, ginn esoulues an d'Pensioun. Et gëtt estiméiert, datt een Drëttel vun der Populatioun an Tëscht méi wéi 65 Joer huet. All Joer verléiert Japan tëscht 400.000 a 600.000 Leit. Dat ass den Equivalent vun der ganzer lëtzebuerger Populatioun. Dat féiert dozou, datt d'Zuel vun de Leit, déi a Japan liewen rapid zeréck geet. Doduerch feelt et dann och un Arbechtskräften.

Déi japanesch Regierung probéiert dëst ënnert anerem doduerch ze bekämpfen, andeems eeler Leit, awer och Fraen motivéiert ginn, fir op den Aarbechtsmaart ze kommen. Dat seet d'Yuriko Matsuno, Exekutiv-Direktesch vum Luxembourg Trade and Investment Office zu Tokio. A ville Géigenden gehéiert et nämlech nach net zur Normalitéit, datt eng Fra schaffe geet.

"D'Regierung probéiert fir jonk Leit, jonk Koppelen z'ënnerstëtzen, andeems si zum Beispill méi Congé kënne huelen an d'Frae méi Flexibilitéit op hirer Aarbechtsplaz kréien. Den Effekt dovunner gesäit een elo awer nach net. Et ass eng grouss Erausfuerderung."

Onsécherheet a Leeschtungsdrock

Nieft enger ëmmer méi aler Bevëlkerung huet Japan och mat engem Manktem un Nowuess ze kämpfen. Den Taux vun de Gebuerten a Japan ass deen zweet niddregsten op der Welt. D'Yuriko Matsuno gesäit de Problem dobäi an der Haaptsaach doran, datt déi jonk Japaner immens onsécher wieren, wat hir Zukunft ubelaangt. China géif als Wirtschaftsnatioun ëmmer méi staark ginn, a wier direkte Konkurrent fir Japan. Donieft wier awer och de Leeschtungsdrock an der japanescher Gesellschaft enorm héich.

Eng weider, erschreckend Konsequenz dovun ass eng enorm héich Unzuel, besonnesch u jonke Japaner, déi Selbstmord maachen. Dat léich ënnert anerem dorun, datt et keng moralesch Barrière virun deem Schrëtt gëtt, seet d'Yuriko Matsuno. Am Chrëschtentum beispillsweis wier Suizid als eng Sënn ugesinn, an der Japanescher Kultur géif et keng esou eng Grenz ginn. Vill Jonker géifen an der homogener Gesellschaft an där si liewen net eens ginn. Eng Gesellschaft an där "Anescht sinn" heefeg net toleréiert gëtt, seet d'Yuriko Matsuno.

"Ech mengen, datt d'Leit einfach sollten Diversitéit akzeptéieren. Fir datt si net esou vill Drock op sech selwer spieren. Esou, datt si kënne liewen wéi si dat wëllen, sou wéi si sinn."

Vu klengem u besteet e groussen Drock, fir ze schaffen, sech z'integréieren an eppes z'erreechen.

"Jonk Japaner kréien net gelaacht"

Raum fir sech fräi z'entfalen, besteet net vill. De Fotograf a Kënschtler Herbie Yamaguchi beschäftegt sech a senge Wierker mat der Freed vum Mënsch. Déi géif a senger Heemecht besonnesch bei jonke Mënschen heefeg feelen.

"Wa si nëmmen eemol den Dag gelaacht kréichen, da géifen si kee Selbstmord begoen. Awer déi jonk Japaner kréien net gelaacht, weder vun hiren Elteren, nach an der Schoul, nach an der Gesellschaft. Doduerch geroden si an eng enorm Isolatioun a bréngen sech selwer ëm."

De Fotograf a Kënschtler Herbie Yamaguchi

D'Yuriko Matsuno ass der Meenung, datt et een Ëmdenke an der japanescher Gesellschaft misst ginn. Ewech vum Gedanken, datt jidderee muss an enger Groussstad, héichmodern a séier liewen. Amplaz sollt och nees déi ländlech Liewensweis promouvéiert ginn. Dat anert wier net nohalteg, esou d'Yuriko Matsuno.

"A vill Jonker schaffe gären um Land. Hautdesdaags mam Internet kënnen d'Leit vun iwwerall schaffen. Dofir mengen ech, datt een net muss an de Groussstied bleiwen. Ech denken, datt e Changement komme wäert. Den demografeschen Alter geet zwar ëmmer nach an d'Luucht, mee vläicht fanne mir eng Léisung, andeems mir eise Liewensstil änneren."

Déi japanesch Regierung probéiert elo schonn iwwert verschidde Weeër mat der aktueller Problematik ëmzegoen. Esou gëtt den Ament beispillsweis doriwwer debattéiert, fir méi Auslänner opzehuelen.

Keen einfacht Standbeen fir Auswanderer

A Japan liewen nëmmen zwee Prozent Auslänner. 2016 huet d'Land och nëmme 16 Flüchtlingen opgeholl. Lëtzebuerg, an deem déi lëtzebuerger Populatioun och ëmmer méi al gëtt, verléisst sech op bal 50 Prozent Auslänner, mat engem héijen Undeel u Kanner, a Frontalieren, fir dësen Desequiliber auszegläichen. A Japan ass et allerdéngs fir Leit, déi dohinner auswanderen net einfach. De Kevin Zalieski ass Student op der Uni Sophia zu Tokio, an huet och scho fir e puer japanesch Betriber geschafft. Wann een a Japan als Auslänner wéilt schaffen, misst een entweder gutt Japanesch schwätzen "oder eng aner speziell Fäegkeet hunn, déi soss keen hei huet".

Japan ass iwwerdeems e grousse Virreider am Domaine vun der kënschtlecher Intelligenz. D'Regierung dreift dofir och d'Robotiséierung an de Betriber virun. Fir Prozesser méi einfach ze maachen, de Manktem u Personal auszegläichen an den Drock ewech ze huelen. Bis dat erreecht ass, ass et awer nach e wäite Wee.

Eng Strooss zu Tokio