Déi éischte Kéier zanter 46 Joer organiséiert d'UNO zu New York eng Weltwaasserkonferenz. Déi lescht war am Joer 1977. An de leschte Jore gouf ëmmer méi bewisen, datt de Klimawandel ee groussen Afloss op de weltwäite Waasserzyklus huet. Der Ëmweltministesch Joëlle Welfring no ass et dofir héich Zäit ginn. "Et ass scho wichteg, datt een d'Theema erëm opbréngt an ee sech wierklech bewosst gëtt, datt mir um internationale Level nach besser mussen zesummeschaffen."
D'Zil vun dëser Konferenz wier et virun allem, ee Signal ze senden, datt d'Theema Waasser eng méi héich Prioritéit kréie muss.
Besser Koordinatioun
Eng vun de Fuerderunge vu den EU-Memberstaaten ass dowéinst eng besser Koordinatioun vun dësem Sujet, erkläert d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring.
"Mir bräichten een envoyé spécial, deen dem secretaire général ënnergeuerdent wier, an deen och hei a der Hierarchie héich ugesat wier. Dee géif da wierklech déi ganz Waasserpolitik och um Niveau vun de Vereenegten Natioune koordinéieren."
Fir Lëtzebuerg ass dës Konferenz virun allem wichteg, fir bilateral Zesummenaarbechten opzebauen an och fir déi bestoend Kooperatioune weider auszebauen. Zesumme mam Cap Vert géif een zum Beispill u Léisunge schaffe fir d'Drénkwaasserversuergung an d'Ofwaasserbehandlung méi nohalteg ze maachen.
D'Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg ass och e wichtegt Theema
Weider huet d'Ëmweltministesch nach betount, datt den Ament vill Etüde lafen a Moossname getraff ginn, fir ze kucken, wéi een Drénkwaasser zu Lëtzebuerg spuere kann, wéi ee bestoend Quelle schütze kann, a wéi ee potentiell nei Drénkwaasser-Quellen identifizéiere kann. Et misst ee sech op de Wuesstem vun der Bevëlkerung virbereeden - bis 2040 soll Lëtzebuerg 50.000 Kubikmeter Drénkwaasser den Dag méi brauchen.
Fir d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring wier d'Léisung, zousätzlech Drénkwaasser-Ressourcen aus der Musel opzebereeden, nach ëmmer déi interessantst Alternativ.