Weltwaasserkonferenz Joëlle Welfring: Waasser muss méi eng héich Prioritéit kréien

D'Mënschheet muss Waasser spueren, fir z'iwwerliewen. Dat geet aus dem neiste Rapport vun der UN ervir. Knapp zwou Milliarde Mënschen hunn den Ament keen Zougang zu propperem Drénkwaasser. Zanter e Mëttwoch ass d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring op der Weltwaasserkonferenz zu New York, déi virun allem eng symbolesch Bedeitung huet.

Sophie Schroeder / cz

Waasser
Foto: Pamela Ranya

Déi éischte Kéier zanter 46 Joer organiséiert d'UNO zu New York eng Weltwaasserkonferenz. Déi lescht war am Joer 1977. An de leschte Jore gouf ëmmer méi bewisen, datt de Klimawandel ee groussen Afloss op de weltwäite Waasserzyklus huet. Der Ëmweltministesch Joëlle Welfring no ass et dofir héich Zäit ginn. "Et ass scho wichteg, datt een d'Theema erëm opbréngt an ee sech wierklech bewosst gëtt, datt mir um internationale Level nach besser mussen zesummeschaffen."

D'Zil vun dëser Konferenz wier et virun allem, ee Signal ze senden, datt d'Theema Waasser eng méi héich Prioritéit kréie muss.

Besser Koordinatioun

Eng vun de Fuerderunge vu den EU-Memberstaaten ass dowéinst eng besser Koordinatioun vun dësem Sujet, erkläert d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring.

"Mir bräichten een envoyé spécial, deen dem secretaire général ënnergeuerdent wier, an deen och hei a der Hierarchie héich ugesat wier. Dee géif da wierklech déi ganz Waasserpolitik och um Niveau vun de Vereenegten Natioune koordinéieren."

Fir Lëtzebuerg ass dës Konferenz virun allem wichteg, fir bilateral Zesummenaarbechten opzebauen an och fir déi bestoend Kooperatioune weider auszebauen. Zesumme mam Cap Vert géif een zum Beispill u Léisunge schaffe fir d'Drénkwaasserversuergung an d'Ofwaasserbehandlung méi nohalteg ze maachen.

D'Drénkwaasserversuergung zu Lëtzebuerg ass och e wichtegt Theema

Weider huet d'Ëmweltministesch nach betount, datt den Ament vill Etüde lafen a Moossname getraff ginn, fir ze kucken, wéi een Drénkwaasser zu Lëtzebuerg spuere kann, wéi ee bestoend Quelle schütze kann, a wéi ee potentiell nei Drénkwaasser-Quellen identifizéiere kann. Et misst ee sech op de Wuesstem vun der Bevëlkerung virbereeden - bis 2040 soll Lëtzebuerg 50.000 Kubikmeter Drénkwaasser den Dag méi brauchen.

Fir d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring wier d'Léisung, zousätzlech Drénkwaasser-Ressourcen aus der Musel opzebereeden, nach ëmmer déi interessantst Alternativ.

Méi zum Thema

Blanche Weber
Mouvement Ecologique

De Mouvement Ecologique hätt de Projet vun engem Google-Datenzenter vun Ufank u kritiséiert, well d'Entreprise net oppe geluecht hätt, wéi vill Waasser an Energie den Zenter zu Biisse géif brauchen, seet d'Blanche Weber.

Drénkwaasser
Biophilia

Et ginn Argumenter fir béid Optiounen. Wien awer ökologesch wëll handelen an eppes fir de Portmonni wëll maachen, fir dee gëtt et eigentlech just eng Léisung.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen