Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  MGMT - Little Dark Age

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Joé Thein: "Mir rechne mat zwee Prozent vun de Wielerstëmmen"

Chamberwahlen 2018

Joé Thein: "Mir rechne mat zwee Prozent vun de Wielerstëmmen"

Mam Slogan: "Déi Konservativ, méi Demokratie a Fräiheet fir Lëtzebuerg", geet d'Partei déi Konservativ mat enger Kandidatelëscht am Südbezierk mat an d'Chamberwahlen. Zentral Themen am Parteimanifest sinn d'Identitéitspolitik, d'Integratioun, d'Lëtzebuerger Sprooch. Déi Konservativ, mam fréieren ADR-Member a fréiere Péitenger Gemengeconseiller Joé Thein un der Spëtzt, representéiere ronn 130 Parteimemberen. Am politesche Spektrum situéiere si sech tëscht der, an hiren Aen ze lénksgeriichter CSV, an der ze populistescher ADR.

auto_stories

3 min

"Et ass de feste Wëlle fir bei den nächste Chamberwahlen op d'mannst am Südbezierk mat enger kompletter Lëscht ze kandidéieren". Esou formuléiert d'Partei déi konservativ hiert Zil fir d'Chamberwahlen am Oktober. D'Spëtzekandidate sinn de Joé Thein an de Mario May.

Et wier een am gaangen och an deenen anere Bezierker u Lëschten ze schaffen, allerdéngs gëtt et eng wesentlech Schwieregkeet. Fir eng Lëscht ze deponéiere muss een 100 Ënnerschrëfte vu Wieler aus dem Bezierk sammelen, oder et muss een d'Ënnerstëtzung kréie vun engem Deputéierten oder vun dräi Gemengeconseilleren aus deem Bezierk.

Et géif een net mat Ënnerstëtzung vu bestoende Parteie rechnen, dofir géif ee momentan probéieren, fir déi néideg 100 Ënnerschrëften ze sammelen. "Et bleift eis jo och nach Zäit, op de Braderien, déi elo ustinn, fir dat ze maachen", seet de Joé Thein. Enn Juli, Uganks August wéilt een d'Wahllëschte verëffentlechen, sou d'Partei.

Am Südbezierk huet ee sech dann och d'Ziler festgeluecht.

"Eist Zil ass et, fir am Süden e markante Score ze maachen. Mir rechnen hei mat zwee Prozent vun de Wielerstëmmen. Mir sinn och iwwerzeegt, datt mir dëse Seuil kënnen erreechen, well mir och schonn an de Gemengewahle bei 2,40 Prozent konnte punkten."

Och bei den Europawahle wéilt ee mat an d'Course goen.

"Vollwäerteg Integratioun" nëmmen iwwer Assimiléierung

Am Mëttelpunkt vum Wahlmanifest vun déi Konservativ, sti Sujete wéi Identitéitspolitik, Integratioun a Sprooch. Der Konservativer Partei no misst Jiddwereen d'Lëtzebuerger Sprooch schwätzen a verstoe kennen. D'Integratioun stellt de Joé Thein gläich mat enger Assimilatioun op verschidden Niveauen. Eng "vollwäerteg Integratioun" kéint nëmmen iwwer de Wee vun "institutioneller, kultureller a linguistescher Assimiléierung a Bildung" geschéien, seet de Parteipresident.

D'Pierrette Heintz, Member vum Nationalcomité vun déi Konservativ ergänzt: "Fir de Migrantestatut heescht dat, datt all Mënsch, deen eng legal Awanderung op Lëtzebuerg vollzitt, fir sech hei permanent néierzeloossen, an domat als Migrant mat dauerhaftem Bleiwerecht zielt, sech dem integralen Integratiounsprozess verschreiwe muss."

"Null Toleranz" géigeniwwer "Extremfäll"

"Extremfäll", déi deen Integratiounsprozess net maachen, misst ee mat "Null Toleranz" begéinen. D'Netverlängere vun der Openthaltserlaabnis, d'Sträiche vu Sozialleschtungen oder d'Réckféierung an d'Hierkonftslänner, kéint hie sech als Konsequenze virstellen, seet de Joé Thein. Dat wier noutwenneg, fir e gudden a gesonde Fonctionnement vun der Integratiounspolitik.

Europapolitik, Schoulpolitik, Verkéierspolitik an direkt Demokratie

Nieft dem Thema Identitéit geet et am Wahlmanifest vun déi Konservativ och ëm d'Sécherheet an d'Aussepolitik. D'Partei fuerdert, ënner anerem, eng Reform vum Schengener Accord.

A Punkto Schoulpolitik maachen déi Konservativ d'Propos, vun engem obligatoresche Militär- oder Zivildéngschtjoer. Dat géif "d'erwuesse Jugend op d'Berufswelt virbereeden", seet d'Sandra Schwartgen. Dat Joer soll mat enger Jorespai entlount an als Pensiounsjoer ugerechent ginn.

Am Beräich Verkéierspolitik, ass et ee Plädoyer fir de Monorail, engem mobille Wee duerch d'Luucht, deen zu enger Entlaaschtung vum Stroossennetz kéint féieren, sou d'Partei.

Déi direkt Demokratie soll mat Referende gestäerkt ginn. D'Instrument soll, der Virstellung vun déi Konservativ no, virun all wichteger Fro an der Chamber zum Asaz kommen.

déi Konservativ maache sech iwwerdeems fir d'Iddi vun engem eenzege Wahlbezierk bei de Chamberwahle staark.