Radioen

On air

9 bis 1  |  natur musée

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jill Goeres gëtt déi jéngst Buergermeeschtesch zu Lëtzebuerg

Gemeng Bech

Jill Goeres gëtt déi jéngst Buergermeeschtesch zu Lëtzebuerg

D'Jill Goeres brécht de Rekord. Mat 20 Joer gëtt déi jonk Fra aus der Gemeng Bech am Kanton Iechternach déi jéngst Buergermeeschtesch, déi jee zu Lëtzebuerg d'Soen an enger Gemeng hat. Fir si selwer war et eng Iwwerraschung. D'Ambitioun an de Gemengerot ze kommen hat si duerchaus, mee datt si awer als Éischtgewielten aus dëse Gemengewalen erausgéing, hat si net erwaart.

auto_stories

4 min

Jill Goeres, Buergermeeschtesch vu Bech (Foto: Ana Angel)

Am Ufank wier et eng riseg Iwwerraschung gewiescht, erzielt d'Jill Goeres. Si géif sech op dee neien Challenge freeën a wier gespaant, wat déi nächst sechs Joer op si wäert duerkommen.

En Challenge, deem sech déi 20-järeg Studentin ganz selbstbewosst schéngt ze stellen. Fir si selwer onerwaart, ass d'Jill Goeres bei de Gemengewalen den 11. Juni - hiren éischte Walen iwwerhaapt - aus dem Stand eraus Meeschtgewielte ginn.

Zesumme mam Norbert Classen an der Nathalie Wohlfahrt forméiert d'Jill Goeres elo de neie Schäfferot zu Bech. De Buergermeeschter vu bis elo Camille Kohn, ass net méi mat an de Gemengewalkampf gaangen. Mat engem Grinsen am Gesiicht betount d'Jill Goeres, datt si allerdéngs op dem laangjärege Buergermeeschter seng Ënnerstëtzung ziele kann.

"Wéi hat en et d'lescht Kéier schéin ausgedréckt. Hien hëlt elo seng politesch Pensioun. An ech mengen, hie freet sech och drop, datt elo jonk Leit do era kommen a seng Plaz do iwwerhuelen."

Méi Fraen erkennen d'Valeur vun hirer Stëmm

Datt jonk Leit d'Rudder an der Gemeng iwwerhuelen ass zwar seelen, mee, an dat schéngt der Jill Goeres Kraaft ze ginn - et ass net just zu Bech esou. Virun allem a Richtung Noumer kuckt déi jonk Hobby-Imkerin ganz zouversiichtlech - do ass nämlech mat der 24-Järeger Sophie Diderrich elo eng jonk Fra un der Spëtzt vun der Gemeng.

Et géif een de Wandel gesinn, datt sech méi Frae géifen traue fir sech opzesetzen a matkréien, datt si och eng Stëmm hätten, ënnersträicht Jill Goeres.

Datt grad zu Bech dëse Wiessel gelongen ass, ass net selbstverständlech. Bis ewell souz an der Gemeng just eng eenzeg Fra am Gemengerot - déi Zuel huet sech elo nom 11. Juni verdräifacht. Besonnesch houfreg ass d'Jill Goeres och drop, datt e Gemengerot divers misst sinn.

"E Gemengerot soll d'Gemeng duerstellen an d'Vilfalt vun de Leit an der Gemeng. Do si mir hei mam Schäfferot immens gutt opgestallt. Deen een, deen nach net grad 70 ass, dann ech dat 20 Joer ass, an dann an der Mëtt nach d'Nathalie Wohlfahrt mat Mëtt 40. All d'Generatioune si vertrueden, an dat, fannen ech, mécht et aus."

An déi Diversitéit wäert och an hir Politik fir d' Gemeng afléissen, mengt déi 20-Järeg Studentin an nei Buergermeeschtesch nach weider.

"Ech géing et cool fannen, wann een zum Beispill e Projet opstellt fir e Kannergemengerot oder e Jugendgemengerot oder e Ruffbus fir déi eeler Generatiounen."

Bal scho routinéiert, a ganz professionell schwätzt déi jonk Fra vun hiren Iddie fir d'Gemeng Bech. Och wa si wëll fir frësche Wand an der Gemeng Bech suergen, wéilt si prioritär déi Projeten ofschléissen, déi u géife stoen.

Freed u Gemengepolitik méi no bréngen

Jonk Mënschen ze representéieren ass der Jill Goeres wichteg. Als zukünfteg Léierin hofft déi jonk Politikerin, duerch déi nei Challengen, deene si sech elo wäert stellen, hirer Generatioun d'Freed u Gemengepolitik méi no ze bréngen.

"Ech hoffen, datt wann ech bis am Gemengerot sinn, datt ech och Jonken, grad hei an der Gemeng awer och Ëmgéigend, ka weisen hei dat mécht richteg Spaass. Well een oft Virstellungen huet "da setzt een do an deene Reuniounen, looss déi eeler Leit dat maachen, déi hu besser Zäit" an et ass einfach de Moment fir ze weisen, et mécht richteg Spaass an du hues och een Impakt."

D'Fro, op si et wäert hikréien, hiren aktuelle Studium respektiv hir zukünfteg Schaff an de Poste vun der Buergermeeschtesch ënnert een Hutt ze kréien, beäntwert si mat engem klore Jo.

"Wann, zanter deenen honnert Joer virdrun, d'Leit et fäerdeg bruecht hunn, firwat géif ech et net fäerdeg bréngen."