Schonn um Mëttwoch de Moien huet et aus dem polneschen Ausseministère geheescht, datt et sech héchstwarscheinlech ëm eng Rakéit aus russescher Produktioun géif handelen.
D'Rakéit wier aus dem ukrainesche Loftofwiersystem
Effektiv hunn och éischt Fotoen dorop higewisen, datt et sech ëm eng Rakéit vum Fluchofwiersystem S-300 géif handelen. Dëst si sowjetesch Rakéiten, déi zu engem groussen Deel beim ukrainesche Loftofwiersystem zum Asaz kommen.
D'Ukrain wiert domat russesch Loftattacken of. Den Nato-Generalsekretär Jens Stoltenberg huet ënnerstrach, datt d'Ukrain net Schold wier:
"Russland dréit eleng d'Responsabilitéit, well si den illegale Krich géint d'Ukrain viruféieren. D'NATO ass gëeent a mir wäerten ëmmer alles maache wat néideg ass, fir eis alliéiert Memberen ze verdeedegen an ze beschützen."
D'Ermëttlungen zum Virfall wieren nach amgaangen, mee et géifen awer keng Hiweiser ginn, datt Russland eng militäresch Offensiv op d'NATO géif plangen, esou nach de Jens Stoltenberg.
Zwou Persoune sinn ëmkomm
De Bauerenhaff, op deem d'Rakéit ageschloen ass, läit manner wéi zéng Kilometer vun der Grenz mat der Ukrain ewech. Bei der Explosioun sinn zwee polnesch Staatsbierger ëm d'Liewe komm.
De Moie schonn hat den US-President Joe Biden um Bord vum G20-Sommet matgedeelt, datt wann een d'Trajectoire vun der Rakéit analyséiert, et "onwarscheinlech" wier, datt se aus Russland ofgeschoss gi wier.
Um Dënschdeg koum et de ganzen Dag iwwer an der Ukrain zu russeschen Rakéitenugrëffer.
Russland schwätzt vun "gezielter Provokatioun"
Russland huet vun Ufank un dementéiert, fir d'Rakéit responsabel ze sinn, an huet vun enger "gezielter Provokatioun" geschwat, fir d'Situatioun zum eskaléieren ze bréngen.
Gläichzäiteg ass déi polnesch Arméi an Alarmbereetschaft versat ginn, a se verstäerkt hir Presenz un der ukrainescher Grenz.
Den Artikel véier vum NATO-Vertrag misst iwwerdeem villäicht net declenchéiert ginn, esou Polen. Dëse gesäit vir, datt d'NATO-Memberstaate sech beroden, falls d'Sécherheet oder d'Onofhängegkeet vun engem NATO-Member a Gefor ass.