De Jeff Strasser war scho vun 2011 bis 2017 Trainer bei der Fola, mat där hien zweemol Champion gouf. Duerno war hien als Trainer an déi zweet däitsch Bundesliga bei den 1. FC Kaiserslautern gewiesselt. Nodeems et him wärend engem Match déi lescht Saison schlecht gi war, gouf hie fräigestallt. Et waren deemools Häerzrythmusstéierunge beim fréiere Lëtzebuerger Fussballnationalspiller diagnostizéiert ginn.
Radio 100,7: Mat wéi engem Gefill kommt dir als Trainer zeréck op Lëtzebuerg?
Jeff Strasser: Mat vill Freed a mat vill Wëllen, fir elo erëm kënnen an dierfen do ze schaffen. Ech hat eng schéin an eng erfollegräich Zäit mat der Equipe zesummen op der Fola. An deementspriechend ass et d'Zil, fir dat och an Zukunft erëm ze erreechen.
Radio 100,7: Wéi eng Erfarunge konnt Dir an Däitschland sammele beim F.C. Kaiserslautern, déi dir bei d'Fola kënnt mat bréngen?
JS: An engem Veräin aus enger zweeter Divisioun kënnen an dierfen ze schaffen, war e grousse Pleséier a wäert och weider en Zil fir meng zukünfteg Karriär sinn. Duerch déi gesondheetlech Problemer, déi haut Gott sei Dank auskuréiert sinn, hat ech eng gewëss Auszäit, an dee beschte Moyen fir ze beweisen, datt erëm alles an der Rei ass, an datt ee säi Beruff erëm normal ausübe kann, ass datt een trainéiert. Dat war u sech elo den einfachste Wee, well fir elo nees en Job an engem anere Beräich ze kréien, dat ass schwéier. Dat ka méiglech sinn, do kann ee laang waarden, mee zu dem Zäitpunkt zu deem d'Fola mech elo gefrot huet, war dat fir mech och ee logesche Schrëtt.
Radio 100,7: Wéi laang ass elo Äre Kontrakt bei der Fola?
JS: Iwwer Detailer wëll ech elo net onbedéngt schwätzen.
Radio 100,7: Wéi ass et zu deem Wiessel komm? Wousst Dir do scho méi laang Bescheed oder war et éischter en Iwwerraschung?
JS: Et hat fir mech och eng gewëss Iwwerraschung, wéi den éischte Kontakt nom leschte Championnatsmatch komm ass. A wann een da rechent, datt dee leschte Championnatsmatch vun der Fola e Sonndeg war, da gesi der, wéi kuerzfristeg déi Saachen entstane sinn.
Radio 100,7: Huet dat eppes mat der Leeschtung vun der Fola ze dinn, vun den éischte Partië vun der Saison?
JS: Do muss Dir d'Decideure froen. Ech sinn och net do, fir e Réckbléck ze maachen an ze kucken, wat an der Vergaangenheet geschitt ass. Ech sinn do fir mech op d'Zukunft ze konzentréieren, op den nächste Match a fir alles drun ze setzen, fir d'Equipe sou gutt wéi méiglech op den nächste Match ze preparéieren.
Lauschtert den Interview mam Jeff Strasser mam Pierre Reyland: