Radioen

On air

Moiesstudio  |  Future Islands - A Dream Of You And Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jeff Saibene neien Trainer zu Kaiserslautern

Fussball

Jeff Saibene neien Trainer zu Kaiserslautern

E Freideg ass den 52 Joer ale Lëtzebuerger, dee siwe Méint ouni Job war, als neien Trainer um Betzenberg virgestallt ginn. Den Owend ass säin éischte Match an der 3. däitscher Fussballliga géint Wiesbaden.

auto_stories

3 min

Véier mol Champion, fir d'lescht an der Saison 1997/98: Kaiserslautern war virun net allze laanger Zäit nach eng richteg grouss Adress am däitsche Fussball. Vun deem sportleche Level ass den FCK zanter enger Rei Jore kilometerwäit ewech. An och finanziell steet de Veräin net méi gutt do: am Juni huet en Insolvenz ugemellt, elo gëtt mat Creancieren an Investisseure gekuckt, eng gesond Basis fir en neien Ufank ze leeën.

Mee iergendwéi schéngen all déi Suergen der Attraktivitéit vum Veräin net geschuet. Dat hätt d'Sich no engem neien Trainer dës Woch nees eemol gewisen, sot de Boris Notzon op der Pressekonferenz de leschte Freideg, et wiere vill Interessente fir d'Plaz als Cheftrainer ginn. Dat wier scho remarkabel, esou de Sportdirekter vum FCK.

De Jeff Saibene huet iwwerzeegt

Aus där laanger Lëscht vu potentiellen Nofollger wär eng Shortlist mat fënnef Kandidate gemaach ginn, mat deene geschwat ginn ass, an ënner deenen de Jeff Saibene dee beschten Androck hannerlooss hätt, sou de Boris Notzon. Hie wier als authentesch, emotional a leidenschaftleche Mënsch eriwwerkomm, "der absolut für diese Aufgabe hier brennt".

De Jeff Saibene wier voller Energie, géif déi 3. Liga an d'Mannschaft gutt kennen, hie wier gutt preparéiert ugetrueden, seet de Boris Notzon. "Und was glaube ich auch sehr wichtig ist: Jeff steht auch für klare Prinzipien, aber auch für Spaß und Freude."

D'Chance notzen

Dat sinn zwee Elementer, déi der Equipe verluer gaange waren an der Lescht. No enger enttäuschender Saison 2019/20 an zwou Néierlagen an den zwee éischte Matcher vun der neier Spillzäit huet Kaiserslautern virun aacht Deeg de Boris Schomers entlooss. Hie war den 22. Trainer bannent 20 Joer um Betzenberg. De Jeff Saibene gëtt d'Nummer 23.

De Jeff Saibene bei senger Presentatioun als neie Cheftrainer

Hie selwer fënnt dat awer "net schlëmm", dat géif d'Saach spannend an interessant maachen. "D'Begeeschterung ronderëm ass fantastesch." Heiansdo misst ee seng Chancen notzen, esou de Constat vum Jeff Saibene.

Firwat hien dës Chance onbedéngt notze wéilt, huet de Jeff Saibene bei senger Presentatioun virun der Press mat engem Souvenir aus der eegener Kandheet begrënnt: schonn als Kand hätt hie Spiller vum FCK am Stadion gekuckt. Deemools hätt hie sech net erdreeme kënnen, eng Kéier um Betzenberg Trainer ze ginn.

"Aber schon damals die Begeisterung Betzenberg, diese Emotionen und so, das ist für jeden Trainer ein Traum. Und jeder Trainer, das können Sie mir glauben, der die Chance hat, hierher zu kommen, wird oder will diese Chance wahrnehmen. Und mir ist es auch so gegangen. Als wir Kontakt hatten, war für mich klar: Da muss ich hin, da will ich hin, und da will ich auch eine Zeit lang bleiben."

Ee Kontrakt mat der Optioun, en ze verlängeren

Wéi laang déi Zäit gëtt hänkt leschten Enns natierlech dovun of, wéi et wäert lafen. De Sportdirekter vum FCK Boris Notzon iwwer d'Modalitéiten, déi dozou am Kontrakt virgesi sinn: momentan leeft de Kontrakt bis de Summer, mat der Optioun, en ze verlängeren, wann de Jeff Saibe Succès sollt hunn. Domat wier awer net onbedéngt den Opstig gemengt, mee Succès géif u verschidde Parameter gemooss ginn. Wann déi agehale ginn, géif de Kontrakt verlängert ginn.

Kaiserslautern ass fir de Jeff Saibene déi drëtt Trainerstatioun an Däitschland. Si gläicht där enger méi wéi där anerer: och Bielefeld war en Traditiounsveräin ëm deen et eng grouss Begeeschterung an der Regioun gouf, zu Ingolstadt hunn déi Dimensioune komplett gefeelt.