Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Paul Schaaf: Nordstad nach viru Gemengewalen 2023 Realitéit

Fusiounsprojet

Jean-Paul Schaaf: Nordstad nach viru Gemengewalen 2023 Realitéit

Den Ettelbrécker Buergermeeschter gleeft drun, datt de Fusiounsprozess vun de fënnef Nordstad-Gemengen nach virun den nächste Gemengewalen am Juni 2023 kann ofgeschloss ginn, "och wann den Timing sportlech ass", esou de Jean-Paul Schaaf. Wéinst Corona wiere sechs Méint verluer gaangen, mee d'Diskussioun wier jo net nei. Si wier zanter 2006 amgaang, an um Terrain wär d'Nordstad op ville Plazen haut scho Realitéit.

auto_stories

2 min

Et hätte schonn "x Veräiner funsionéiert, déi den Numm Nordstad droen, mir hunn en Office social Nordstad, d'Jugendhaus Nordstad, Club Senior Nordstad", et wier een um richtege Wee, an et hätte sech scho vill Leit Gedanken iwwer de Sujet gemaach, esou de Jean-Paul Schaaf.

"Wa Fakten do sinn, da soll een och déi Fakte benennen."

D'Kaart mat enger Opschlësselung vu Corona-Neiinfektioune pro Gemeng, déi de Gesondheetsministère iertemlecherweis publizéiert hat, gouf vun de kommunale Responsabele ganz ënnerschiddlech opgeholl. Déi eng fille sech stigmatiséiert, déi aner hu kee Problem mat där Transparenz. Den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf gehéiert zu där zweeter Kategorie.

"Mech huet déi Publikatioun vun der Kaart net gestéiert, muss ech einfach soen. Ech fannen, wa Fakten do sinn, da soll een och déi Fakte benennen. Dat ass esou. Déi kënnen engem gefalen oder net gefalen. (...) Dat geet op an of, mee ech fannen et awer richteg, datt een et benennt, an ech fannen et och richteg, datt ee seet, hei mir hunn alleguer Verantwortung, a mir mussen een op deen aneren oppassen."

"Duebelmandater mëttel- oder laangfristeg ofschafen"

De Jean-Paul Schaaf iwwerhëlt Mëtt Oktober d'CSV-Nord-Deputéiertemandat vum Marco Schank an der Chamber. Fir den Ettelbrécker Buergermeeschter gëtt dat keng nei Experienz, mee e Retour: hie souz nämlech scho vun 2004 bis 2013 am Parlament. Déi lescht siwe Joer huet hie sech ganz op seng Funktioun vum Ettelbrécker Buergermeeschter kënne konzentréieren. Wat ass no där perséinlecher Experienz seng Positioun a Saache Vollzäit-Buergermeeschter oder Vollzäit-Deputéierten?

"Fundamental (muss ech soen) sinn ech fir eng Trennung vun de Mandater: dat ass kloer, ech stinn dozou. Elo kéint een natierlech soen: Majo wann s de dozou stees, dann däerfs de och elo net unhuelen. Dat ass jo déi logesch Suite. Et ass awer esou, datt déi Plaz, op där dat do decidéiert gëtt, dat ass d'Chamber. Ech wäert och do meng Stëmm dofir asetze fir ze soen, dat soll ee laangfristeg, mëttelfristeg trennen. Well ech fannen, datt d'Chamber-Aarbecht eng Vollzäitaarbecht sollt sinn. Et muss awer op där anerer Säit natierlech d'Buergermeeschteraarbecht och anescht honoréiert oder valoriséiert gi wéi haut."