Radioen

On air

Concert  |  Die Sehnsucht nach dem Süden

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jean-Louis Zeien: "Mënscherechter anhalen ass kee Spill"

Sträit ëm Liwwerkettegesetz

Jean-Louis Zeien: "Mënscherechter anhalen ass kee Spill"

Haut virun zwee Méint hat d'Initiativ mat 17 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft sech aus dem Aarbechtsgrupp "Entreprisen a Mënscherechter" vum Ausseministère zréck gezunn. Un dëse Schrack hat de Magasinn "reporter.lu" d'lescht Woch an engem Artikel erënnert. De Bréif vum 11. Mee fir de Réckzuch, läit och dem Radio 100,7 vir. An dësem Schreiwes un den Ausseminister Jean Asselborn, kritiséiert d'"Initiativ pour un devoir de vigilance" onduerchsiichteg Prozeduren an ee Mangel un Transparenz.

auto_stories

1 min

De ganzen Interview mam Jean-Louis Zeien

Lauschterenplay_arrow


Et wier ofgemaach gewiescht, datt d'Entreprisë sech fräiwëlleg hätte solle engagéieren, fir Mesurë fir de Respekt vun de Mënscherechter an hire Liwwerketten huelen, esou de Jean-Louis Zeien. Virop kritiséiert de Vertrieder vun der Initiativ doran d'Verhale vun de Patronatsvertrieder.

Den Haaptkritikpunkt ass d'Verschécken duerch d'Patronatsvertrieder vun engem Formular un eng Rei Lëtzebuerger Entreprisen, hannert dem Réck vun deenen anere Memberen, heescht et am Bréif vum 11. Mee un de Jean Asselborn.

"Wann ech soe Pseudo-Questionnaire, da muss ech leider hei soen, hei geet et ëm Social- a Greenwashing in Reinkultur."

Mënscherechter anhale wier kee Spill, mee ee ganz seriöen Engagement, datt ee konkret Moossnamen hëlt, fir eppes ze änneren, sou de Jean-Louis Zeien.

De Jean Asselborn an den Ausseministère géifen de Réckzuch vun de 17 NGOen aus dem Aarbechtsgrupp Betriber a Mënscherechter bedaueren, huet et de Méindeg op eis Nofro hi geheescht. Wéinst der Visitt vum däitsche President a wéinst dem NATO-Sommet wier een Interview zum Theema leider net méiglech, esou de Ministère.