Radioen

On air

Owesconcert  |  Trouvez l'intrus!

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean-Louis Schiltz verléiert duebelt Mandat

GROUPE HÔPITAUX ROBERT SCHUMANN

Jean-Louis Schiltz verléiert duebelt Mandat

De Jean-Louis Schiltz bleift net President vun der S.A. Hôpitaux Robert Schuman: dat huet de Spidols-Grupp an engem Communiqué de Mëtteg confirméiert. Neie President vun der Aktie-Gesellschaft gëtt de Georges Heirendt, den Direkter vun der Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman. Dat gouf haut op der Assemblée Générale decidéiert.

auto_stories

1 min

Och de Michel Wurth hätt keng Erneierung vu sengem Mandat am Verwaltungsrot vun der S.A. ugestrieft, heescht et.

Hien an de Jean-Louis Schiltz bleiwen awer op hire Posten am Verwaltungsrot vun der Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman.

D'Fondatioun ass den eenzegen Aktionär vun der S.A.: d'Aktie-Gesellschaft regroupéiert d'Spidolsaktivitéite vum Spidol Kierchbierg, der Bohler-Klinik, der Zitha-Klinik an der Clinique Sainte Marie zu Esch.