D'EU-Kommissioun an déi europäesch Memberstaaten, déi um G20-Sommet vertruede sinn, hätten däitlech gemaach, datt si kee Communiqué géifen duerchloossen, wou den Opruff net dra wier, datt sämtlech Staate vun der Welt - a virun allem d'G20-Staaten - géife maximal Ustrengunge maachen, fir de Paräisser Klimaaccord ëmzesetzen, seet de Jean-Claude Juncker.
D'Verhandlunge mat den USA iwwer de Klimaschutz beschreift de Jean-Claude Juncker als "ganz sportlech", well d'"Amerikaner der Opfaassung sinn, datt Klimawandel eng Erfindung vun e puer verréckte Grénge wier", obwuel d'Auswierkunge vum Klimawandel iwwerall op dem Planéit ze observéiere wieren, virun allem op den Inselstaaten, déi riskéieren ënnerzegoen.
D'Positioun vun der US-amerikanescher Regierung a vum amerikanesche President géif hien iergeren awer net beonrouegen, sou den nach-EU-Kommissiounspresident. Aus Gespréicher mat Buergermeeschteren a Gouverneuren an den USA wéisst hien awer, datt grouss Deeler vun der US-amerikanescher Gesellschaft sech net op der Linn vum Donald Trump befannen.
Den nach-EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker am Interview beim Philipp Crowther nom G20-Sommet zu Osaka a Japan: