EU-SANKTIOUNEN Jean Asselborn: Waffe méi wichteg wéi Sanktiounen

An der EU gëtt iwwer weider Sanktioune géint Russland diskutéiert. Als nächste Schratt steet een Embargo op russeschem Pëtrol zur Debatt. Ënner de Memberlänner ginn d'Meenungen doriwwer awer auserneen. De Moment wier et méi wichteg, Waffen ze liwweren, seet de de Lëtzebuerger Ausseminister.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

De Jean Asselborn mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell
De Jean Asselborn mam EU-Aussebeoptraagte Josep Borrell Fontelles. Foto: European Union

De ganzen Interview mam Jean Asselborn lauschteren


De Bäitrag lauschteren


Den Europa Aktuell vum 12. Abrëll


De Jean Asselborn huet seng Meenung geännert: de Fokus sollt den Ament net op Sanktioune leien. Dat Eenzegt, wat een elo maache kéint, virun allem en vue vun deem, wat am Donbass riskéiert ze geschéien, dat ass Waffen ze liwweren, sou de Lëtzebuerger Chefdiplomat

"Sou datt mer elo virun där Equatioun stinn, wat ass méi wichteg: Sanktiounen oder Waffen. An ech kommen zur Konklusioun: Dat sinn elo Waffen."

Nach virun e puer Wochen huet de Lëtzebuerger Chefdiplomat et fir kontraproduktiv gehalen d'Ukrain opzerëschten, elo awer huet sech d'Situatioun verännert.

Een Embargo vu Pëtrol, Kuel an esouguer Gas géif de russesche President Wladimir Putin net stoppen, dovun ass de Jean Asselborn iwwerzeegt.

Energie-Embargo ännert näischt um Verhale vum Wladimir Putin

Par conter hätt awer een Zenario, an deem kee Pëtrol oder Gas méi aus Russland géif geliwwert ginn, grouss Repercussiounen op déi däitsch Wirtschaft an domat op déi ganz EU, sou de Jean Asselborn.

Déi Argumentatioun hätt awer näischt domat ze dinn, datt sech Lëtzebuerg elo op d'Säit vun Däitschland géif stellen. Konkret no der Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung gefrot, seet de Jean Asselborn:

"Dir hutt Iech fokusséiert op deen Embargo. Macht dat weider, dat ass Äert gutt Recht. Ech äntweren net all Kéiers op déi nämmlecht Froen. Ech soen Iech jo elo, datt et net den Embargo ass, deen iergendeppes dorun ännert, wat an de nächsten dräi Wochen am Donbass geschitt."

Dovu weider mam Wladimir Putin ze schwätzen, wéi et jo de Lëtzebuerger Premier an de leschte Woche gemaach huet, hält de Lëtzebuerger Ausseminister iwwregens den Ament net vill:

"De Problem, dee mir hunn: De [Wladimir] Putin ass a keng Schabloun méi eranzebréngen, an d'Diplomatie huet versot."

All Effort op deem Gebitt wier gutt, ma et sollt ee sech net onbedéngt ee Resultat dovun erwaarden.

Den éisträichesche Bundeskanzler Karl Nehammer ass haut zu Moskau op Besuch - dat war Deels kritiséiert ginn. Et ass déi éischte Kéier zanter dem Ufank vum Krich, datt ee westleche Leader vum russesche President empfaange gëtt.

Méi zum Thema

Maria Mezentseva
Ukrain-Parlamentarierin Maria Mezentseva

D'Ukrain huet elo eréischt all Handel mat Russland gestoppt. Kiew wëll en europawäiten Importstopp fir russesch Energie - dat fuerdert och d'Maria Mezentseva, Member vum ukrainesche Parlament.

Danièle Weber Chronik
SANKTIOUNEN GÉINT RUSSLAND

Wéi steet d'Lëtzebuerger Regierung zu engem Embargo vu russeschen Energie-Importer? Wat soen déi gewielte Vertrieder an der Chamber? Vill Froen a keng Äntwerten.

Yuriko Backes
Sanktioune géint Russland

D'EU-Kommissioun huet nei Russland-Sanktioune presentéiert. Dozou gehéiert ënner anerem ee Verbuet fir Kuel aus Russland z'importéieren. Dat wier e wichtegen a staarke Message u Russland, sou d'Lëtzebuerger Finanzministerin.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen