Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn suivéiert d'Situatioun enk

Pegasus

Jean Asselborn suivéiert d'Situatioun enk

Den Ausseminister Jean Asselborn huet de Lëtzebuerger Firmen vum Grupp NSO e Bréif geschriwwen, fir hinnen déi Lëtzebuerger Reglementatioun ze rappelléieren, wat den Export vun Defense-Technologien a Servicer ugeet a fir hinnen hir Obligatioun ze rappelléieren, d'Mënscherechter ze respektéieren. Hie géif d'Situatioun enk suivéieren, heescht et am Bréif.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / Maria_Savenko

Lauschterenplay_arrow


Defense-Technologien, wéi zum Beispill d'Spionagesoftware Pegasus vum Grupp NSO, ënnerleien Exportkontrollen an et brauch een heifir eng Autorisatioun vum Ministère fir de Commerce extérieur. Dorunner erënnert de Jean Asselborn a sengem Bréif d'Dirigente vun deenen néng NSO-Firmen, déi hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn.

NSO huet keng Export-Lizenz zu Lëtzebuerg

Als Dirigente kéinte si a strategesch, kommerziell an operativ Decisiounen agebonne ginn, schreift de Jean Asselborn a sengem Bréif. Dowéinst rifft den Ausseminister si op, vun all Decisioun ofzegesinn, déi zu enger onerlaabter Benotzung vun der Technologie kéint féieren, déi de Grupp NSO hire Clienten zu Verfügung stellt.

Den Hiweis op dës Zort vun Decisiounen ass interessant, well NSO hei zu Lëtzebuerg keng Export-Lizenz fir seng Technologie a Servicer ugefrot huet, mee selwer seet, et géif een zu Lëtzebuerg d'Kontrakter mat de Cliente maachen, hinnen d'Rechnunge schécken an d'Suen akasséieren.

Jean Asselborn weist sech besuergt

ONGen an auslännesch Medien haten an deene leschten eng grouss Enquête iwwer NSO publizéiert. Si werfen der Firma vir, datt hir Pegasus-Software, déi si mat Autorisatiounen aus Israel exportéiert huet, illegal agesat gouf fir Mënscherechtler, Journalisten a Politiker auszespionéieren.

Op der Lëscht vun de Smartphonen, déi Cliente vun NSO wollte gehackt kréien, war ënner anerem och dee vum franséisch Staatschef Emmanuel Macron. Déi marokkanesch Sécherheetsdéngschter wollten hien ausspionéieren, wat awer net heescht, datt et och tatsächlech dozou komm ass.

De Jean Asselborn schreift, e wier ganz besuergt iwwer d'Informatiounen, déi an deene leschten Deeg publizéiert goufen. Hien fuerdert d'Dirigente vun den NSO-Firmen op, Stellungen zur Situatioun ze huelen, déi vum Ausseministère enk suivéiert géif ginn.