Ukrain-Konflikt Jean Asselborn: Lëtzebuerg ënnerstëtzt déi europäesch Sanktiounspolitik
Den Ausseminister Jean Asselborn seet, Lëtzebuerg wier "solidaresch", wann d'EU-Länner sech iwwer nei Wirtschaftssanktioune géint Russland eens ginn. Och wann d'Lëtzebuerger Finanzplaz dovu betraff wier.

Et wier een an enger Situatioun, an där u systemesche Sanktioune geschafft géif ginn, seet de Jean Asselborn am 100,7-Interview:
"Wou mir awer alleguer och ofgemaach hunn, datt mir net doriwwer diskutéieren am Virfeld, awer prett sinn, datt et méiglech ass si anzesetzen, wann dat misst gemaach ginn. Nun, mir sinn eng Bankeplaz. Dat trëfft d'Bankeplaz vläicht méi ewéi Länner, déi keng Bankeplaz hunn. Mee an där Saach do gëtt et nëmmen eent, an dat ass, datt mir europäesch Solidaritéit weisen."
Op EU-Niveau géifen am Moment och nei Sanktiounsmesurë preparéiert ginn, seet den Ausseminister. Déi géifen awer eréischt ëmgesat ginn, wann d'Situatioun un der russesch-ukrainescher Grenz weider eskaléiert.