Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jean Asselborn: Ënner engem President Putin kann et keng Léisung vum Ukrain-Konflikt ginn

Krich an der Ukrain

Jean Asselborn: Ënner engem President Putin kann et keng Léisung vum Ukrain-Konflikt ginn

De Lëtzebuerger Ausseminister gleeft net un eng diplomatesch Léisung vum Krich an der Ukrain. "Net mat engem Putin als President", esou de Jean Asselborn am 100,7-Interview. Leider géifen d'Leit a Russland net gewuer ginn, wat deen "Bandit an Diktator" un hirer Spëtzt géif uriichten.

auto_stories

3 min

"Wann dat russescht Vollek géif gesinn, wat de Putin do futti mécht a wéi vill Angscht hie mécht a wéi vill Liewen, datt hien um Gewëssen huet. Da géif menger Meenung no de Kreml gestierzt ginn. Dat wier jo och alles, wat een him kéint wënschen, datt dee géif wierklech och physesch eliminéiert ginn, fir datt dat dote géif ophalen. Dat schéngt mer dat eenzegt ze sinn. Dir hutt mech gefrot: Gëtt et eng Hoffnung mat Verhandlungen? Also ech ka mer dat net virstellen."

Hie géif fäerten, datt de Krich elo eréischt richteg lass geet, sot de Jean Asselborn och nach, mat ëmmer méi Brutalitéit an ëmmer manner Récksiicht op Zivilisten. De russesche President géif ëmmer méi weisen, datt hien e brutale Bandit an Diktator wier, sou den Ausseminister.

"Mir dierfen de Leit elo net soen, datt do diplomatesch nach iergendwéi d'Kéier ze kréien ass mat engem Putin als President."

EU sollt der Ukrain eng Perspektiv op eng EU-Memberschaft ginn

Et wier wichteg alles ze maachen, wat dozou bäidroe kéint d'Moral vun den Ukrainer ze stäipen. An dofir sollt een dem Land dat Signal vun enger europäescher Perspektiv, dat et freet, an där ablécklecher Situatioun och ginn.

Et misst ee sech awer bewosst sinn, datt d'Adhesioun vun der EU eppes Komplexes ass, wat och Folge fir d'EU huet. "Mee politesch gesi mengen ech, dass een effektiv op där Aspiratioun schaffe sollt."

Reaktiounen op Aussoe vum Ausseminister

D'CSV condamnéiert d'Aussoe vum Ausseminister bei eis op der Antenn. Déi "eskalatoresch Rhetorik" wier net fir en Ausseminister ubruecht, esou de Claude Wiseler an enger Reaktioun. Hie kéint dem Jean Asselborn seng Roserei verstoen, mee dat géif just Féier op d'Ueleg schëdden, seet den CSV-Deputéierten. Och déi Lenk hunn d'Ausso iwwer déi "physesch Eliminatioun" vum Wladimir Putin kritiséiert.

D'Kritik un senger Ausso wier berechtegt, seet eis den Jean Asselborn op Nofro hin. Hie wier sech däers och bewosst, d'Wierder wieren him awer an der Emotioun "erausgerëtscht":

"Déi zwee Wierder (physesch eliminéiert) si mir erausgerëtscht. Ech weess hoergenee, datt en Ausseminister déi net ze benotzen huet. No 18 Joer op deem Posten hunn ech et net fäerdeg bruecht, meng Emotiounen an och mäin Ongerechtegkeetsgefill vis-à-vis vum mënschleche Leed, dat onschëllege Leit ugedoe gëtt, ze ënnerdrécken. Dat ass e Feeler, mee vläicht och e Ventil fir dat Ganzt eenegermoossen ze packen. Also ech stelle mech hei an där Saach der Kritik, si ass berechtegt - mee ouni dobäi de Kapp an de Sand ze stiechen."

D'ADR interpretéiert déi Ausso als Opruff zur déidlecher Gewalt a freet an enger dréngender parlamentarescher Fro ënner anerem un de Premier Xavier Bettel, ob dem Jean Asselborn seng Ausso strofrechtlech relevant wier an ob se mat de Koalitiounspartner ofgeschwat war.