Radioen

On air

9 bis 1  |  Francis Of Delirium - First Touch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Jean Asselborn: D'EU ënnerstëtzt d'Ukrain weiderhi staark

Conseil vun den EU-Ausseministeren

Jean Asselborn: D'EU ënnerstëtzt d'Ukrain weiderhi staark

De Muechtkampf a Russland ass d'Haapttheema e Méinde beim Treffe vun den EU-Ausseministeren hei zu Lëtzebuerg. D'Europäesch Unioun kéint net intervenéieren, mee kéint just d'Ukrain weider staark ënnerstëtzen, esou de Jean Asselborn. Vum Conseil vun den EU-Ausseministeren um Kierchbierg.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

De Lëtzebuerger Ausseminister schwätzt vun enger "innerrussescher Geschicht". De Wladimir Putin hätt 100 Prozent vu senger Omnipotenz verluer, esou de Jean Asselborn virun dësem Conseil iwwert déi aktuell Situatioun a Russland.

"Hie wollt mam amerikanesche President verhandelen, op Aenhéicht. An elo verhandelt hie mat engem Gangster, dee Prigoschin heescht a mat engem Diktator dee Lukaschenko heescht."

Asselborn hofft op eng positiv Auswierklung fir d'Ukrain

Russland hätt net méi de Monopol vun der ëffentlecher Gewalt, analyséiert de Jean Asselborn no den Evenementer vun ee Samschdeg. A wéinst de ville russeschen Atom-Waffe géifen et Gefore ginn, warnt den Ausseminister.

"Dir kënnt Iech virstelle wann do total déi Muecht zerbréckelt, wat dat fir eng Gefor ka sinn. Zemol elo an der Ukrain, wou de Wladimir Putin mam Réck widder der Mauer steet a villäicht nach méi brutal zouschléit, wéi dat bis elo de Fall war. Dir hutt jo an der Nuecht gesinn, datt dat riicht viru geet."

D'Ukrain huet de Moie weider russesch Attacke gemellt. De Jean Asselborn hofft awer op eng positiv Auswierkung fir d'Ukrain duerch de Coup de Weekend a Russland.

Déi däitsch Ausseministerin Annalena Baerbock geet iwwerdeems net dovun aus, datt de Muechtkampf a Russland eriwwer ass, nom Réckzuch vun der privater Söldnergrupp Wagner an hirem Chef Prigoschin. Mat dësem brutalen Ugrëffskrich zerstéiert de Putin säin eegent Land, betount déi däitsch Ausseministerin.

D'Europäesch Unioun vergréissert hir finanziell Ënnerstëtzung fir d'Liwwerung vu Waffen a weiderem Equipement fir d'Ukrain a fir Partnerstaaten ëm weider 3,5 Milliarden Euro. Dat hunn d'EU-Ausseministeren e Méinden um Kierchbierg decidéiert.