Bal 2.300 Leit hunn d'lescht Joer Asyl ugefrot: dat waren der iwwer 80 Prozent méi wéi 2021. Domat wier een erëm um Niveau vun der "grousser Migratiounskris" sot de Jean Asselborn. Déi meescht Asyl-Demandeure koumen d'lescht Joer aus Syrien, Eritrea an aus Afghanistan.
Schlecht Zoustänn am Ausland
D'Zuel vun net-begleete Mannerjärege war mat 164 esou héich wéi nach ni. De Minister huet vun enger "schwéierer Aufgab" fir all d'Acteure geschwat. Hie betount, datt ee sech och gutt virstelle kéint a wéiengem Zoustand déi jonk Leit wéinst där Prozedur musse sinn.
Fir Flüchtlingen an Asyldemandeuren opzehuelen, hätt Lëtzebuerg seng Capacitéiten op iwwer 7.000 Better vergréissert. Leider wier et awer net a ganz ville Länner vun der Europäescher Unioun de Fall, déi meescht hätte just de Contraire gemaach. Si hunn d'Better an d'Foyeren ofgebaut.
Bal 5.800 vun den iwwer 7.000 Better hei am Land waren Enn 2022 beluecht.
"A gleeft, dat sinn der net ze vill: Dir musst wëssen, datt Familljen do musse Plaz hunn. An dofir musse mer nach erëm weider fueren och dëst Joer fir ze versichen, eis entweder nei Foyeren oder Vergréisserungen."
Lëtzebuerg ënnerstëtzt d'Migranten
Hei an der Stad, zu Déifferdeng an ë.a. zu Ettelbréck soll dëst Joer Plaz fir eng 350 weider Better gesuergt ginn. Am Centre de Rétention um Findel, fir Leit, déi illegal am Land sinn, waren d'lescht Joer am Ganzen 226 Leit.
"Dee gréissten Defi ass d'Toxikomanie. Fir d'Leit selwer, déi do befall sinn, do kënnt Dir Iech virstelle wat dat ass. Awer och fir déi Leit, déi musse suerge fir se, ass et keen einfachen Defi."
An der Moyenne hunn d'Leit fir 52 Deeg mussen am Centre de Rétention bleiwen.