Radioen

On air

Resonanzen  |  Emmanuel Chabrier - Suite Pastorale, I. Idylle - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ J&J-Impfstoff ouni Altersbeschränkung zu Lëtzebuerg

Verlaf vun der Pandemie

J&J-Impfstoff ouni Altersbeschränkung zu Lëtzebuerg

Den US-amerikanesche Vaccin vu Johnson&Johnson wäert zu Lëtzebuerg ouni Altersbeschränkunge benotzt ginn. Dat huet de Conseil Supérieur des maladies infectieuses an hirem Avis festgehalen, sot de Premier Xavier Bettel um Freideg Mëtten nom Regierungsrot. D'sanitär Situatioun wier weiderhi stabel, esou datt een deemnächst kéint mat neie Lackerunge rechnen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Teststrategie wäert iwwerdeems verstäerkt op d'Selbsttester setzen: et wéilt een an eng Situatioun komme wou ee routineméisseg 2 Mol d'Woch esou e Selbsttest kéint maachen, sot d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert.

D'Regierung huet eng rezent Commande vu 14,5 Milliounen där Selbsttester gemaach. Verdeelt ginn se ënnert anerem am Alters-a Fleegesecteur, dem Handicap-Secteur, de Betriber, an och den Independanten. Leit an enger prekärer Situatioun oder déi, déi net méi berufflech aktiv sinn, wäerte kënne mat engem spezielle Bong sech där Tester gratis an d'Apdikt siche goen.

Fir d'Vaccine mellen, déi owes iwwereg bleiwen

Bei der Impfstrategie ass nieft der fräiwëlleger Astra-Zeneca-Filière eng nei dobäikomm. Um Site impfen.lu kenne Residanten tëscht 18 a 55 Joer sech aschreiwe fir déi Impfdosissen déi owes an den Impfzentren iwwereg bleiwen. Konditioun ass allerdéngs, datt dës Leit vu Méindeg bis Freideg owes tëscht hallwer siwen an siwen Auer disponibel sinn a bannent 20 Minutten en Impfzentrum kënnen erreechen. D'Inscriptioun fir op déi Lëscht leeft vun haut bis den 8. Mee. Anescht wéi bei der Fräiwëllegen-Filière gëtt hei awer no der Alterskategorie invitéiert. De Xavier Bettel seet awer, datt net jiddereen, deen sech agedroen huet och e Rendez-vouz wäert kréien.