Um éischten Dag vun der Visitt stoung de Besuch vun engem groussen Elektroautosconstructeur um Programm. Vinfast heescht d'Firma déi op enger Fläch vun e puer 100.000 Quadratmeter Elektroautoen hierstellt. Mat 40.000 Beschäftegten an 1.500 Roboter ass de Betrib zu 90 Prozent automatiséiert.
Lëtzebuerg soll "konkret" analyséiert ginn
Déi vietnamesesch Firma ass och am gaange Fouss an Europa ze faassen. Ënnert anerem huet Vinfast schonn eng Fillial an Holland, Däitschland a Frankräich, a wäert am Laf vum Joer Autoen un europäesch Clienten ausliwweren. Am Juni soll d'Direktesch vu Vinfast eng Visitt op Lëtzebuerg maache kommen.
Ee Besuch, bei deem een déi vietnameesesch Vertrieder iwwerzeege well, esou de Premier Xavier Bettel.
"Mir wäerten de Vietnamese soen, datt et sech lount Lëtzebuerg méi konkret ze analyséiere wa se weider op den europäesche Marché wëllen. Dat ass ëmmer besser wéi enzwousch anescht hinzegoen. Mir wëllen eis lo mol besser kenne léieren. "
Xavier Bettel: "stolz" op d'Entwécklung vum Vietnam
Fir weider Relatiounen ze knäppe si 24 Lëtzebuerger Entreprisë mat an de Vietnam komm. De Xavier Bettel an de Lex Delles wieren eegenen Aussoen dobäi, fir den Entreprisen d'Dieren opzemaachen.
"Mir wëllen een Accord erneiere fir d'Duebelbesteierung ze evitéieren an der Cargolux bei de Fluchrechter hëllefen. Dobäi kënnt, datt de Vietnam staark vum Klimawandel betraff ass."
Lëtzebuerg well dem Vietnam weisen, wéi ee mat grénge Fongen an deem Beräich hëllefe kann, esou de Premier. Dofir wier och Luxembourg for Finance mat u Bord. Um Bord vun der Visitt bei Vinfast sot de Premier dann nach, datt hie stolz op d'Entwécklung vum Vietnam an de leschte Jore wier.
Lëtzebuerg hätt dem Land Zitat "net direkt de ganze Fësch ginn, ma d'Material fir de Fësch ze fänken". De Recht hätt dat Südostasiatesch Land selwer fäerdeg bruecht.
Zanter 2016 fënnt Lëtzebuerg et net méi opportun fir dem Vietnam Kooperatiounshëllef unzebidden. Elo gëtt just nach wirtschaftlech zesummegeschafft.
Wat de Visa ugeet deen d'Lëtzebuerger nach ëmmer brauche fir an de Vietnam ze reesen, sou wier een a konstante Gespréicher mam Premier vun der sozialistescher Republik Vietnam. En Austausch gëtt et scho mat vietnamesesche Studenten déi zu Lëtzebuerg studéieren.