Radioen

On air

Kultur um 5  |  Lata Gouveia - Radio Night

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwerschwemmungen: Keng Entwarnung

No deem ville Reen

Iwwerschwemmungen: Keng Entwarnung

Et gëtt nach keng Entwarnung bei der Héichwaassersituatioun am Land. D'Situatioun hätt sech mëttlerweil awer berouegt, sou nach de Christopher Schuh vum CGDIS. D'Rettungsdéngschter waren de ganzen Dag am Asaz. Ënner anerem op der Musel, zu Waasserbëlleg.

auto_stories

3 min

Den Iwwerbléck vun der Situatioun am Panoramaplay_arrow

Och am Norde vum Land bleiwe Kelleren a Stroossen iwwerschwemmt. Zu Miersch sinn d'Pompjeeën zanter de Méindeg den Owend am Asaz, ënner anerem fir d'Kelleren eidel ze pompelen.

D'Police mécht och een Appell wéinst der Héichwaassergefor zu Miersch, datt d'Leit hir Autoe vun de Parkingen Lohr, Schlasspech beim Fussballsterrain an de Parking an der Aloyse Kayser-Strooss, dréngend sollen ewechhuelen. Dat selwecht gëllt jo scho fir de Parking bei den Däichhalen zu Ettelbréck. Och den Uelzechtdall zu Lëntgen bleift net vum Héichwaasser verschount. Fir de Parking zu Ettelbréck an den Däichwise gëllt dat selwecht.

Vum Waasserwirtschaftsamt krute mir confirméiert, datt d'Peegelen op der Uelzecht zanter de Moien amgaang sinn ze falen. Op der Sauer gouf de Maximum viru Kuerzem erreecht a fänkt och elo un erofzegoen. Nëmmen d'Musel wäert nach e puer Deeg laang klammen.

Wat d'Entwécklung vum Wieder ubelaangt, bleift et de ganze Rescht vum Dag nach onbestänneg.

An den nächsten Deeg géif d'Wieder sech an enger éischter Phas nees berouegen, sot eis den Adnan Céman, Chef vum staatleche Service météorologique. Wéinst engem Héichdrockafloss géif et awer vill méi kal ginn. Plazeweis kéint et nuets bis op minus fënnef Grad ofkillen. Um Weekend wier awer nees mat Reen ze rechnen.

Esou eng Wiederlag wier fir dës Joreszäit iwwerdeems net ongewéinlech, sou nach den Adnan Céman, och wann et nëmme seele géif virkommen.

Wéinst den Iwwerschwemmunge war och de Rettungsdéngscht zu Miersch déi ganz Nuecht an de ganzen Dag am Asaz. D'Maxi Pesch war sech bei de CIS-Miersch e Bild vun der Situatioun maachen.

Miersch: Kelleren auspompelen, Sansäck stapelen a Parkinge sécheren

D'Maxi Pesch mat Andréck vu Mierschplay_arrow

Ronn 40 Asätz haten déi 45 fräiwëlleg Pompjeeë vum Mierscher Rettungsdéngscht zanter de Méindeg den Owend. Den Dan Marques, ee vun de Coordinateuren, erkläert d'Aarbecht.

"Mir hunn hei d'Zentral besat gehat vun 11 Auer gëschter Owend un. Dat heescht, d'Asätz ginn un den 112, a si ginn eis déi dann eran, respektiv d'Leit ruffen direkt heihinner un. An da koordinéiere mir dat autonom direkt aus dem Zenter hei. Mir verdeelen d'Leit da selwer hei. Mir fueren der Rei no, sou datt kee bevirdeelegt gëtt par Rapport zu aneren."

Virop wieren d'Pompjeeën domadder beschäftegt Kelleren auszepompelen a Sandsäck ze bréngen. Mee och d'Autoen op de Parkinge missten geséchert ginn.

CIS-Miersch

"Wou mir mat der Gemeng a mat der Police gekuckt hu fir déi Leit ze kontaktéieren. Haut zu Daags mam Dateschutz ass et net méi sou einfach, fir un d'Leit ze kommen. D'Gemeng huet probéiert iwwer SMS a Facebook un d'Proprietäre vun den Autoen ze kommen. Mir hunn e puer Autoe geréckelt kritt, mee leider net alleguer. Dat heescht, et sinn der awer elo am Waasser."

D'Reform vun de Rettungsdéngschter viru gutt annerhallwem Joer, déi eng Fusioun vu Pompjeeën a Protection civile mat sech bruecht hat, hätt an dësem Fall e positiven Impakt op d'Aarbecht vun de Pompjeeën, erkläert den Dan Marques.

"Virdeel ass wann ee Saache braucht wéi Sandsäck. Déi kritt een dann direkt bruecht. Fréier war dat net de Fall. Do hu mir missten d'Sandsäck selwer fëllen. Dat ass wierklech e Virdeel."

De ganzen Dënschdeg iwwer wäerten déi fräiwëlleg Pompjeeën zu Miersch nach wéinst den Iwwerschwemmunge schaffen, sou den Dan Marques.