Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwergangsphas an der Impfcampagne

Coronavirus

Iwwergangsphas an der Impfcampagne

Déi éischt zwou Phase vun der Impfcampagne wäerte wärend e puer Deeg parallel lafen. Déi nächst Liwwerung vum Impfstoff vu BioNTech/Pfizer gëtt e puer Deeg virun där vun AstraZeneca erwaart, seet de Luc Feller.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wärend e puer Deeg wäerten déi béid Impfphasen zesumme lafen, also gläichzäiteg de Schluss vun der Phas 1 an den Ufank vun der Phas 2, esou de Luc Feller, Haut-Commissaire à la protection nationale.

"Well mer de Pfizer fir d'Leit iwwer 75 Joer reservéieren ass et effektiv esou, datt mer elo als éischt elo Leit iwwer 75 Joer an de Centre de vaccination wäerten invitéieren. An dann e puer Deeg duerno wäerte mer de Rescht aus der Phas 1 invitéieren."

Aus dëser Phas 1 missten nach e puer honnert Leit ageluede ginn. An der Phas 2 kënne ronn 40.000 Leit vun iwwer 75 Joer geimpft ginn a geschate 5.000 Leit, déi als héich vulnerabel gëllen.

D'Decisioun wier geholl ginn, well ee keng Zäit wéilt tëschent deenen zwou Phase verléieren. De Luc Feller seet och, datt fir a ronn enger Woch mam Ofschloss vun den Impfunge baussent den Impfzentere gerechent gëtt.

Fir déi zweet Phas, also fir Leit vun iwwer 75 Joer a fir héich Vulnerabeler, ginn d'Vaccine vu BioNTech/Pfizer a vu Moderna agesat. Wéinst de versprachene Quantitéite wéist een, datt een déi zweet Phas net virun Enn Mäerz ofgeschloss hätt, wann iwwer 50 Prozent vun de Leit sech impfe loossen.