Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer d'Responsabilitéit vu Press a Schoulinstanzen

Chronik

Iwwer d'Responsabilitéit vu Press a Schoulinstanzen

Dierfen d'Schoulinstanzen den Eltere mat engem Signalement bei der Justiz dreeën, wann d'Elteren net mam Schoulpersonal averstane sinn, wéi hiert Kand soll orientéiert ginn? Déi Fro steet am Raum, wéinst 100,7-Recherchen iwwer e Fall, deen d'Lëtzebuerger Wort virun de Feierdeeg public gemaach huet. De Fall huet eng aner Nues, wéi vum Wort duergestallt, an och dat werft Froen op, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

4 min

Och d'Aarbecht vun der Press muss kritesch a selbstkritesch beliicht ginn.

D'Geschicht, déi d'Lëtzebuerger Wort de 15. Dezember iwwer den Doud vun engem Jong publizéiert huet, ass esou eng Geschicht, iwwer déi eng Debatt wichteg ass. De Presseartikel kënnt zur Conclusioun, datt den Educatiounsministère verhënnert hätt, datt e Kand, dat a Gefor war, bei der Justiz gemellt géif ginn. D'Geschicht wier tragesch op en Enn gaangen, well d'Kand am Summer verstuerwen ass, an d'Justiz elo géif ermëttelen.

Lienen hiergestallt, wou keng waren

Wéinst deem potentiellen Dysfonctionnement hu mir um Fall geschafft a sinn op eng ganz aner Versioun gestouss.

Éischtens: Den Doud vum Kand steet a kenger Relatioun mat den Ausernanersetzungen tëschent Schoulinstanzen an Elteren iwwer d'Fro vun der beschtméiglecher Betreiung. D'Kand ass erdronk. Net doheem bei den Elteren, mee bei enger drëtter Persoun.

Déi zwou Saachen a Relatioun zoueneen ze setzen, hëlleft vläicht dem Presseartikel eng méi grouss Envergure ze ginn. Et ass awer wuel esou, datt ee bei Berichter iwwer esou Fäll nëmme sollt déi Fakten ernimmen, déi och wierklech a Relatioun zouenee stinn.

Wann e Politiker stierft, d'Doudesuersaach net genannt gëtt, an ech halen den Artikel op, datt de Politiker virun dräi Joer mat 1,1 Promill an eng Alkoholkontroll geroden ass, suggeréieren ech als Journalist, datt de Politiker kéint wéinst engem Alkoholproblem gestuerwe sinn. Datt ech dat net dierf, wann ech net weess u wat de Politiker gestuerwen ass, läit op der Hand.

D'Problemer louchen op schouleschem Niveau

Zweete Problem mat der Wort-Geschicht ass de Volet vum Signalement bei der Justiz. D'Wort schreift, d'Schoulinstanzen hätten d'Eltere wëlle bei der Justiz signaléieren, de Ministère hätt dat awer verhënnert.

Lo ass et awer esou, datt de Signalement bei der Justiz an dësem Fall méi Froen opwerft. Engersäits geet et ëm e Kand, bei deem eng Form vun Autismus diagnostizéiert gouf an net einfach ëm e schwieregt Kand. Zweetens geet et net ëm Elteren, déi hiert Kand doheem vernoléissegt oder mësshandelt hätten, wéi een dat no der Lecture vum Wort-Artikel hätt kënne mengen.

Wéi mir dat a Justizkreesser confirméiert kruten, ass d'Jugendgeriicht schonn zweemol am Fall ageschalt ginn a koum ëmmer zur Conclusioun, datt d'Problemer net op juristeschem Plang, mee op schouleschem Niveau ze siche wieren. D'Eltere sollte virum trageschen Doud vum Kand souguer extra eng Hëllef kréien, fir de schwieregen Dialog mat verschiddene Schoulacteuren an de Grëff ze kréien.

Signalement bei der Justiz ass keen Drockmëttel

Drëttens, an dat ass eng generell Conclusioun: E Signalement bei der Justiz muss vu Schoulacteure gemaach ginn, wann et Indikatioune ginn, datt d'Kand enger Gefor ausgesat ass. An deem Fall gëtt et kee Wenn und aber, an et brauch ee sech net no uewen ofzesécheren.

Anescht gelagert awer ass et, wann e Signalement bei der Justiz en Drockmëttel ass fir Elteren dozou ze beweegen d'Kand aus der Schoul ze huelen. Wéi kritt een dat dann argumentéiert: Wann d'Elteren op hiert Recht op Inklusioun bestinn, gi si bei der Justiz denoncéiert, a wa si averstane sinn d'Kand aus der Schoul ze huelen, sinn d'Elteren op eemol keng Gefor méi fir hiert Kand?

Paradoxalerweis géif dat jo bedeiten, datt d'Kand just enger Gefor ausgesat ass, wann et an der Schoul ass. Woumat d'Schoulinstanze sech mat engem Signalement selwer belaaschte géifen.

De Fall weist domat virun allem eppes: An de Schoule kënnt et reegelméisseg zu ugespaante Situatiounen tëschent de verschiddenen Acteuren. D'Situatioune sinn dacks net einfach ze geréieren.

Dobäi brauch et awer aner Léisungen, wéi mat Police oder Justiz ze dreeën. An d'Press muss sech an esou dramateschen a kriddelege Fäll hirer grousser Responsabilitéit bewosst sinn. Si muss iwwer Schwieregkeeten oder Mëssstänn opklären a politesch Enjeuen erklären. Mee se dierf keng Lienen hierstellen, déi et net gëtt.


Weider Detailer zum Fall fannt Dir hei:

Wéi eng Denonciatioun als Drockmëttel géint d'Eltere benotzt gouf