Datt et beim Wanderen keng Grenze ginn, mierkt een, wann een am Norde vum Land ënnerwee ass, relativ séier. Esou huet den ORT Éislek eng Partie Weeër ausgeschafft, déi eis bis an Däitschland oder d'Belsch féieren. De Paul Ihry vum Ort Éislek nennt d'Beispill vum Naturwanderpark Delux, engem Interreg-Projet, bei deem ee mat de Kolleegen aus der Süd-Eifel zesummegeschafft hätt. "Et gi Ganzsdaags- oder Hallefdaags-Tier, bei deenen een déi Grenzregioun entdecke kann", sou de Paul Ihry.
Wann ee mam Vëlo ënnerwee ass, kann ee sech iwwer d'Grenze vum Grand-Duché op de Wee maachen, dat op der Vennbahn, déi vun Ooche bis op Ëlwen geet. De Wee kann een natierlech och den ëmgedréite Wee fueren, an de Paul Ihry encouragéiert d'Leit och vun Ettelbréck aus lasszefueren, wann een nach e puer schéi Kilometer un déi virgesinnen 125 drun hänke wëllt.
Mee et ass net nëmmen dat grenziwwerschreidend Wanderen a Vëlo-Fueren, wat am Éislek am Fokus steet, och de sougenannte Gedenktourismus, gëtt gäre gemaach, seet de Paul Ihry vum ORT Éislek.
"Ech menge jiddweree weess, datt d'Éislek, d'Lëtzebuerger Ardennen, am Zweete Weltkrich eng gewësse Roll gespillt hunn. A mir bidden Touren un, bei deenen een einfach Erklärungen zu deenen eenzele Sitte kritt. Et kritt een dann och eppes aus enger Gamelle ze iessen, wéi dat dann och déi Zäit war."
Fir déi, déi gären e bësse méi wäit Weeër wanderen, gëtt et den Escapardene Lee Trail, dee mam Label Leading Quality Trail - Best of Europe zertifizéiert gouf. "Dee Wee geet an dräi Etappe vun Ettelbréck bis op Kautebaach. Et si vill flott Plateauen dertëschent, wou een dann eng schéi Vue huet. Mee och déi méi roueg Deeler, wann een an den Däller ënnerwee ass, sinn eppes ganz Eenzegaarteges fir eis Wanderregioun."
Fir déi, déi um Éislek-Trail ënnerwee sinn, gëtt dann de Service ugebueden, datt d'Hoteller d'Gepäck op déi nächste Statioun nobréngen. A Verfleegung fir ënnerwee, kann een do natierlech och ufroen.