Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IWF: Inflatioun a Logement als Risikofacteure fir Lëtzebuerg

Wirtschaft

IWF: Inflatioun a Logement als Risikofacteure fir Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass ekonomesch gesi relativ gutt duerch d'Pandemie komm. Zu där Konklusioun kënnt den Internationale Wärungsfong, warnt awer och viru Risiken. Den IWF fuerdert d'Regierung op urgent ze handelen.

auto_stories

2 min

Den IWF gëtt Lëtzebuerg Recommandatioune mat op de Wee. Foto: Bigstock / kruwt

Lauschterenplay_arrow


Risike gesäit den Internationale Wärungsfong virun allem duerch den Impakt vun der Ukrain-Kris op déi global Finanzindustrie, och wann déi national Finanzplaz éischter gutt resistéiert huet.

IWF: Regierung muss urgent handelen

Problematesch sinn awer d'Inflatiounsrisiken a virun allem d'Situatioun um Wunnmarché. Den Internationale Wärungsfong fuerdert d'Regierung urgent dozou op ze handele fir den Drock aus dem Wunnmarché ze huelen.

D'Offer vu Sozialwunnengen a bezuelbare Wunnenge misst onbedéngt ausgebaut ginn, bestoend Kapazitéite missten donieft besser genotzt ginn. Well d'Präisser ëmmer méi klammen an ëmmer méi Stéit sech verschëlden, misste Prêten un d'Salairen ugepasst ginn, ënnersträicht den Internationale Wärungsfong.

An der Praxis heescht dat: méi héich a méi dicht bauen. Et misst och verhënnert ginn, datt Enkpäss am Bausecteur entstinn, zum Beispill duerch komplex Autorisatiounsprozeduren, Manktem u Bauschuttdeponien oder e Mangel u Main d'oeuvre.

D'Spekulatioun sollt duerch Steieren op Baubroochen an eidel Wunnenge gebremst ginn, recommandéiert den Internationale Wärungsfong.

Propose vum IWF

Bei de Steiere sollte gezielt Mesurë geholl ginn, déi den Drock vum Marché huelen an d'Gewënnerwaardunge bei der Vente ofbremsen. Geierften Immobilië sollte just nach ee bis zwee Joer laang steierfräi sinn.

Den Internationale Wärungsfong schwätzt sech fir eng Dezentraliséierung vun den Aarbechtsplazen aus fir den Drock vum lokale Wunnmarché ze huelen.

En vue vun der Explosioun vun den Energiepräisser recommandéiert den Internationale Wärungsfong, just nach maximal eng Indextranche d'Joer auszebezuelen.