Inspection du travail et des mines ITM: Rekrutementer iwwer d'Arméi?

Fir optimal ze schaffe brauch d'ITM bis d'Joer 2025 220 nei Posten, seet den Direkter vun der Gewerbeinspektioun. Aktuell schaffen 156 Leit fir d'Inspection du travail et des mines, 21 dovun Aarbechtsinspekteren, seet de Marco Boly.

Mick Entringer / cz

Marco Boly
Marco Boly

D'Verwaltung déi zoustänneg ass fir d'Kontroll vum Aarbechtsrecht ass d'lescht Joer mat 140.000 Dossiere befaasst ginn. 2018 huet d'ITM am Beräich Detachement 2.200 Kontrolle gemaach a Strofen an Héicht vun zwou Milliounen Euro ausgeschwat.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch hat e leschte Samschdeg hei op der Antenn proposéiert, datt d'ITM an Zukunft Personal iwwer d'Arméi rekrutéiert.

De Marco Boly begréisst dës Deklaratioune vum Aarbechtsminister Dan Kersch an hien deit dat als een Zeechen "datt och deen heite Minister un eis gleeft". Kreativ Iddië fir d'Effektiver vun der ITM opzebaue wieren néideg an déi verschidde Profiller vun der Arméi wieren interessant fir d'ITM. Wann een Zaldote schonn an hirer Ausbildung op d'Aarbecht vun der ITM kéint preparéieren, wier dat eng "enorm Plus-Value", sou de Marco Boly.

Groussen Dispositif fir d'Aarbecht opgeschafft ze kréien

D'ITM gouf d'lescht Joer mat 140.000 Dossiere befaasst. Véier bis sechs Prozent vun den Dossiere géif een traitéiert kréien. Generell hätt een awer eng Aarbechtsmethodologie en place gesat, déi et der ITM géif erméiglechen, fir net déi ganz Aarbecht eleng op d'Schëllere vun den Aarbechtsinspekteren ofzelueden. "Mir hunn e Callcenter, mir hunn en Helpzenter, mir hunn eenzel Abteilungen déi mir opgemaach hunn, déi dee Volume un Aarbecht kënnen opschaffen", sou den Direkter vun der ITM.

En Aen op den Detachement

2018 huet d'ITM am Beräich Detachement 2.200 Kontrolle gemaach a Strofen an Héicht vun zwou Milliounen Euro ausgeschwat.

Duerch den Detachement géife mëttlerweil ronn 115.000 Salariéen d'Joer op Lëtzebuerg kommen. Verschiddener fir e puer Deeg, Anerer fir sechs Méint.

"Wann ee Bulgar - ouni wëlle Fingerpointing ze maachen - a sengem Land e Mindestloun huet vun zwee Euro. Wann deen natierlech hei zu Lëtzebuerg siwen oder aacht Euro kritt, da verdéngt deen dat Véierfacht vu sengem Land, mee en ass ëmmer nach sechs oder siwen Euro ënner dem Mindestloun hei zu Lëtzebuerg."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Guy Castegnaro a Erwann Sevellec
Sozialwahlen 2019

A Fäll vu Licenciementer wéinst "raisons économiques" wieren d'Salariéen zu Lëtzebuerg manner gutt protegéiert wéi a Frankräich, an Däitschland an an der Belsch, seet den Erwann Sevellec, vum OGBL.

Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis
Bausecteur

Et géif e groussen Drock gi fir Bauprojete méi séier fäerdeg ze kréien, do si sech den Tiago Ferreira an de Jean-Luc De Matteis eens. Béid Gewerkschaftler fuerdere méi Kontrolle vun der ITM um Terrain.

Marco Boly
Aarbechtssécherheet

D'ITM mécht zanter dem 1. Juni méi Sécherheetskontrollen op Chantieren. Dofir gouf een neie Service ageriicht an och neit Personal agestallt an ausgebilt, seet den ITM-Direkter Marco Boly.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen