Radioen

On air

Notturno  |  Donny McCaslin - No Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ITM mécht méi Kontrollen

Aarbechtssécherheet

ITM mécht méi Kontrollen

D'Inspection du travail et des mines, kuerz ITM, wëllt d'Sécherheetskontrollen op de Chantiere massiv erhéijen. Dowéinst huet d'ITM zanter dem éischte Juni en neie Service Contrôles, Chantiers et Autorisations ageriicht. Dëse Service ass dofir geduecht fir haaptsächlech Chantieren um Niveau vun der Sécurité Santé an um Niveau vum Droit du Travail ze kontrolléieren. Weider sollen och den Detachement an d'Autorisation d'exploitation kontrolléiert ginn. Wien dofir ausgebilt gouf, erkläert den ITM-Direkter Marco Boly am Gespréich mam Armanda Scheuer.

auto_stories

3 min

Marco Boly

Marco Boly: Dat si Leit, déi e Background als Bauingenieur hunn, respektiv eng Richtung, déi an déi generell Ingenierie erageet. Dat hu mir zesumme mam Droit du Travail gepoolt. An doduerch kënne mir d'Kontrollen op de Chantiere méi intensiv a méi präzis maachen.

Armanda Scheuer: Dir hat elo erkläert, datt Dir vum 1. Juni u genuch Leit hutt, fir déi Kontrollen duerchzeféieren. Et kënnt regelméisseg d'Kritik op, datt d'ITM net genuch Inspekteren huet, fir déi néideg Kontrollen ze maachen. Ass dat elo net méi de Fall?

Dach, dat ass nach ëmmer de Fall. Mir hunn elo 21 Aarbechtsinspekteren, déi a verschiddene Beräicher täteg sinn. Hei konnte mir elo Aarbechtsinspekteren ausbilden, déi e Bauingenieursdiplom oder Ähnleches hunn. Doduerch konnte mir elo endlech dee Service opmaachen, mee de Mangel un Aarbechtsinspekteren ass eng Saach, déi sech nach iwwer Jore wäert hinzéien, vu datt iwwer Joren nach net richteg rekrutéiert gouf. Mir mussen an enger Gréisstenuerdnung vu 50 Aarbechtsinspekteren hikommen, haut si mir bei 21 a mir hunn der 16 an der Ausbildung. Dat heescht, déi Problematik vum Personal bei der ITM, dat ass e laangfristege Problem, deem mir och just laangfristeg duerch massiv Rekrutementer an deenen nächste puer Joer kënnen entgéintwierken.

Wéi wëllt Dir déi Kontrollen da momentan duerchféieren?

Mir hunn doduerch sechs Leit, déi speziell dofir ausgebilt goufen, déi sech just där Tâche widmen. Mir hunn Aarbechtsinspekteren, déi normal Kontrolle maachen, déi mir iwwer Reklamatioune kréien. Dat heescht, mir reagéieren haut nach ëmmer op Reklamatiounen. D'Proaktivitéit ass bei eis momentan nach limitéiert. Mir hunn iwwer 120.000 Demanden, déi iwwer d'Joer erakommen. Mir hu 24.000 Dossieren, déi nach méi genee mussen traitéiert ginn, wou Infraktioune bestinn, respektiv muss nogekuckt ginn, wéi pertinent déi Infraktioune sinn. Dofir musse Leit an d'Betriber eragoen, fir ze kucken, ob sech méiglech Infraktioune bestätegen. Dofir feelen eis awer nach ëmmer Leit. Mir wëllen an Zukunft och gär proaktiv schaffen, net ëmmer nëmme reagéieren an dowéinst hu mir och nach ëmmer net genuch Leit zesummen, fir kënnen deenen eenzele Missioune gerecht ze ginn. D'ITM mécht méi wéi just Kontrollen op Chantieren.

Zanter dem éischte Juni gëtt et jo äre Service, wéi gesäit äre Bilan momentan aus?

Mir hunn 123 Chantiere kontrolléiert, op deenen am ganzen 164 ënnerschiddlech Entreprisë mat am Total 390 Salariéë geschafft hunn. D'Kontrolle vun de Salariéë kann een nach eng Kéier opdeelen, op 126 Kontrollen, déi mir en Matière vun der Sécurité de santé gemaach hunn. Mir hunn 38 Detachementer kontrolléiert a mir hu sechs Autorisatiounen um Niveau vun den Etablissement classés kontrolléiert. Doropshi konnte mir 119 Injonctioune maachen, 67 Regularisatioune goufen doropshi gemaach a mir hunn zwou Amenden ausgeschwat, wat eng total Somme vu 50.000 Euro erginn huet. Fir déi zwee Méint, wou déi Leit ënnerwee sinn, ass dat ee relativ gutt Resultat. An dat weist einfach, datt et néideg ass, datt an deem Beräich Kontrolle gemaach ginn.