Radioen

On air

Notturno  |  Dan Deacon - Sat By A Tree

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Italien: E Land am Ausnamezoustand

Coronavirus

Italien: E Land am Ausnamezoustand

An Italien hu sech iwwer 12.000 Mënsche mam neie Coronavirus infizéiert, 930 Persoune sinn dru gestuerwen. Fir deem entgéintzewierken huet Roum eng drastesch Moossnam ergraff. Iwwer Dekret huet déi italienesch Regierung dat ganzt Land a Quarantän gesat, Schoulen, Unie sinn zou. Deplacementer sinn nëmmen erlaabt, wann een ee Grond derfir huet, esou de Lëtzebuerger Ambassadeur zu Roum, de Paul Dühr. Et kéint ee sech net méi Esou deplacéieren, wéi ee wéilt, an de Fluchverkéier wier och "ganz uerg".

auto_stories

2 min

Erlaabt sinn Deplacementer, déi onbedéngt néideg sinn, wann ee berufflech Obligatiounen huet, oder wann een heem muss fueren oder akafe geet. Dëst muss een op engem Formulaire, enger Auto-Deklaratioun, drop schreiwen. Ass een ënnerwee ouni iergendee Grond a gëtt ee kontrolléiert, da ginn et Geldstrofen vu bis zu 200 Euro.

Ausreese kann een awer duerchaus mat deem Dokument, esou de Paul Dühr. "Et ass natierlech elo esou, mir hu gëschter gesinn, datt Éisträich d'Grenzen zougemaach huet fir Leit, déi aus Italie kommen an déi wëllen an Éisträich bleiwen. Éisträich huet d'Grenzen awer net fir den Transitverkéier zougemaach. Mee ech mengen, do muss een da just d'Féiwer gemooss kréien, et mussen eng Partie Kontrolle gemaach ginn", sou de Lëtzebuerger Ambassadeur zu Roum.

Eng Rei Studenten, déi iwwer den Erasmus op enger italienescher Uni sinn, hunn aktuell Schwieregkeeten, d'Unie sinn all zou. Verschidden Unie wieren dozou iwwergaange fir verschidden Exame vun doheem aus schreiwen ze loossen, ofhängeg vum Fach.

Virun allem den Tourismussecteur betraff

D'Konsequenze vun der Coronavirus-Epidemie si fir déi italienesch Ekonomie evident, an dat op allen Niveauen. D'Produktioun an de Konsum wieren zeréckgaangen. "Sécher ass, datt och eis kommerziell Relatioune mat Italien impaktéiert wäerte ginn. Fir dat elo genee anzeschätzen ass awer relativ schwéier", sou de Paul Dühr.

Virun allem den Tourismussecteur ass dovu betraff, deen 13 Prozent vum PIB ausmécht. De Lëtzebuerger Marc Bertemes ass aktuell an Italien zu Roum. Zur Ambiance an der italienescher Haaptstad sot hien, wier hien erstaunt gewiescht iwwer verschidde Biller, déi op Internet gewise goufen, an déi net deem entspriechen, wat hie selwer zu Roum erlieft huet.

Schwéier fir Italie mam Fliger ze verloossen

De Sproochecours, un deem de Marc Bertemes zu Roum wollt deelhuelen, ass wéinst der Quarantän ofgesot ginn. Hien hat dunn decidéiert méi fréi erëm op Lëtzebuerg zréckzefléien, do awer koum et zu enger chaotescher Situatioun, well Flich kuerz nodeems hie gebucht hat, annuléiert goufen.

"Do sinn ech den 10. dann higaange fir dee Fluch ze buchen. Ech hat deen och confirméiert kritt. An du kréien ech dunn um 14 Auer Bescheed gesot, datt dee Fluch ofgesot wier. Zéng Minutten drop kréien ech dann awer geschéckt, datt den Check-In awer op wier. Dat geet jo schonn eleng duer, fir d'Leit nervös ze maachen. Da wëssen d'Leit net méi, wou si dru sinn."

No där Annulatioun vum direkte Vol op Lëtzebuerg huet hien iwwer d'Lufthansa een anere Flug probéiert, mee och do gouf de Vol gecancelled. Schlussendlech misst hien haut erëm nees heem fléien, op alle Fall ass dat seng Hoffnung.