Itallienesch Wahlen Italia first - Rietsruck an Italien?
E Sonndeg gëtt an Italien gewielt. De Sondagen no kéint ee Resultat dobäi erauskommen, wat et komplizéiert mécht, Koalitiounen ze forméieren. Eng Regierung mat der Bedeelegung vun der extrême Droite ass net onwahrscheinlech. Wat heescht dat fir d'EU? Och d'Méiglechkeet, datt d'Beweegung vun de Cinque Stelle kéint un d'Rudder kommen, gëtt zu Bréissel mat groussem Interêt verfollegt. Nach viru Kuerzem wollt dës Beweegung ee Referendum iwwert den Euro an Italien maachen. Elo huet de Parlamentspresident Antonio Tajani matgedeelt, hie stéing zur Verfügung fir Premier ze ginn.
An der komplizéierter italienescher Parteielandschaft wäert et net einfach ginn, fir Majoritéiten ze fannen, dat weisen d'Sondagen.
Den Giovanni La Via erwaart sech, datt d'Mëtt-riets Parteien um Enn genuch hunn, fir eng Regierung ze forméieren. Europadeputéiert vun enger klenger Splitter-Partei, der Alternativa Populare. Si hat sech vum Berlusconi senger Forza Italia ofgespléckt an huet sech Enn des Joers nees opgeléist.
Europa huet näischt ze fäerten, seet den Giovanni La Via. "Wann et eng Mëtt-riets Regierung gëtt, wäert sech fir d'EU näischt änneren."
Wahlkampfthema: Relokalisatioun vu Refugiéen
D'EU huet am italienesche Wahlkampf keng zentral Roll gespillt. Mat der Ausnam vun der Migratioun. Italien fillt sech am Stach gelooss.
Queesch duerch d'Parteien ass et d'Revendicatioun no méi Solidaritéit. Et wier net méiglech iwwert Kohäsiounspolitik an d'Ënnerstëtzung vun osteuropäesche Länner ze schwätzen, wann déi net prett sinn, bei der Ëmverdeelung vu Refugiéë matzemaachen, sou den Giovanni La Via.
Während dem Wahlkampf hätte sech all d'Parteie mat anti-europäeschen Aussoen zeréckgehalen. Och déi rietsextrem Lega Nord. Si wëllt sech eng Koalitioun mat der Forza Italia net verbauen.
"Den Euro ass eng negativ Experienz, déi Italien geschuet huet", sot awer am Januar de Chef vun der Lega Nord, de Matteo Salvini. Op eng Campagne, déi zum Austrëtt aus dem Euro oprifft, gouf zwar verzicht. "Italia first" war awer den Haaptmessage a ville vu senge Rieden.
Déi Partei, déi an de Sondagen am meeschte Stëmme kritt, ass d'Beweegung vun de Cinque Stelle, de Fënnef Stären. Och si ass a punkto Euro zeréckgeruddert. Vun engem Referendum iwwert den Euro, deen d'Beweegung nach bis viru kuerzem organiséiere wollt, ass keng Rieds méi.
Kee Referendum iwwert den Euro
"Mir fannen, datt elo net dee richtege Moment ass, esou een Thema ganz uewen op den Ordre du jour ze setzen" seet d'Europadeputéiert Eleonora Evi vum Cinque Stelle.
An hirem Büro zu Bréissel hänke Poustere wou No Austerity (keng Austeritéit) oder I am a migrant (Ech sinn ee Migrant) dropsteet. D'Cinque Stelle gesäit sech als ee Géigepol zu den traditionelle Parteien an Italien. Eng Koalitiounsausso gouf bewosst net gemaacht.
"Mir gleewen net drun, datt Koalitioune funktionéieren", sou d'Eleonora Evi. Dat hätten déi lescht Regierungen an Italien gewisen. "Si hu sech dacks direkt nees opgeléist an eng ganz instabil Situatioun geschaaft".
Cinque Stelle wëllt éischter op präzise Punkte kucken, ob een zesummeschaffe kann. Eng Kollaboratioun mat rietse Parteie gëtt och net ausgeschloss. Hir Partei wier awer keng anti-europäesch, seet d'Eleonora Evi. Si géif sech zu Stroossbuerg an zu Bréissel fir europäesch Wäerter asetzen,
"Mir mussen zeréck bei dës Wäerter. Bei een Europa, dat wierklech fir d'Leit do ass an net fir Banken oder multinational Konzerner", sou déi 35 Joer al Politikerin.
Italien eraus aus der NATO: Dat huet och schonn emol zum Programm vun der Beweegung gehéiert. Dat wier den Ament kee Sujet, seet d'Eleonora Evi. Un der Fuerderung, d'Sanktioune géint Russland opzehiewe gëtt par konter festgehalen.
Rassismus als Instrument
Wéi kënnt et, datt haut Parteie wéi Cinque Stelle an Italien sou en vogue sinn? "D'Leit wëllen ee Wiessel", erkläert d'Cecile Kashetu Kyenge, eng Vertriederin vum Matteo Renzi sengem Partido Democratico.
Dës Wahle sollte säi grousse Moment ginn, an de Sondagë läit seng Partei awer wäit ënnert 30 Prozent.
De Shooting Star Renzi huet ee grousse Feeler gemaacht, seet d'Cécile Kyenge. Hien huet 2016 den Ausgang vum Referendum un d'Zukunft vun der Regierung geknäppt. D'Leit hätten um Enn géint d'Persoun Renzi gestëmmt amplaz iwwert d'Constitutioun.
Déi fréier Integratiounsministesch mat kongolesesche Wuerzele setzt haut am Europaparlament. An Italien steet si zënter Jore wéinst zeg Menacen ënnert der Protektioun vun der Police.
Nodeems op schwaarz Migrante geschoss gi war, war Rassismus ee grousse Sujet am Wahlkampf. Virun allem Politiker vu riets hu ferm Stëmmung géint Migrante gemaach. Si hunn de Sujet vun der Migratioun instrumentaliséiert, sou Cecile Kyenge.
Antonio Tajani - nächste Premier?
D'EU kéint awer och nach ganz anescht a méi direkt vun den italienesche Wahle betraff ginn. Et ass nämlech net onwahrscheinlech, datt de Parlamentspresident Antonio Tajani vun der Forza Italia den nächste Premier kéint ginn.
Ringrazio Il Presidente Berlusconi per il suo atto di stima nei miei confronti.Ho dato a lui,stasera,la mia disponibilità a servire l'Italia.Ora ogni ulteriore decisione spetta ai nostri concittadini ed al Presidente della Repubblica
- Antonio Tajani (@Antonio_Tajani) March 1, 2018
"Hien ass de richtege Mann an ech hätt gären, datt hien et gëtt", sot dës Woch de Silvio Berlusconi.
Den Tajani selwer sot e puermol, hie wier net interesséiert. En Donneschdeg Owend huet hien awer iwwer Twitter matgedeelt, hie stéing zur Verfügung.