Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ IRM um Potaschbierg krut seng offiziell Zouloossung

Konventioun gouf ënnerschriwwen

IRM um Potaschbierg krut seng offiziell Zouloossung

No aacht Méint gëtt et elo Gewëssheet, wéi et mam Centre d'imagerie médicale um Potaschbierg soll weider goen: Den IRM Potaschbierg begréisst, datt hiren Zenter elo offiziell eng Zouloossung vun der Santé krut. De Moien hunn d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Center Hospitalier CHL déi néideg Konventioun ënnerschriwwen. Et géif ee sech gutt an der Konventioun erëmfannen, heescht et op Nofro hin.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Den 20ten Abrëll goufen déi éischt Patienten am Centre d'imagerie médicale um Potaschbierg bei Gréiwemaacher en Charge geholl.

Doropshin hat d'Gesondheetsministesch ze verstoe ginn, datt si léiwer gehat hätt, den Zenter wier net opgaangen: "Hei si Fakte geschaaft ginn", sot si, et misst eng Reegelung geschaaft ginn.

Detailer vu Konventioun sinn nach net public

Aacht Méint drop gouf haut eng Konventioun tëschent dem Ministère an dem CHL ënnerschriwwen. Vum éischte Januar u kann den Zenter ënner där Form bedriwwe ginn. D'Detailer vun der Konventioun sinn allerdéngs nach net public.

Vu Säite vum Zenter Potaschbierg heescht et op Nofro hi scho mol, datt ee sech gutt an der Konventioun géif erëmfannen, esou de Chef de Site Dr. Frédéric Hencks.

Hie géif sech op d'Kooperatioun mat der héichspezialiséierter Radiologie vum CHL freeën, esou den Dr. Frédéric Hencks.

AMMD kritiséiert Entsteeung vun der Konventioun

Och d'Doktesch- an Zänndokteschassociatioun begréisst prinzipiell, datt et elo Kloerheet gëtt. Den AMMD-President Alain Schmit kritiséiert allerdéngs d'Aart a Weis, wéi et zu der Konventioun koum:

"Mir bedaueren datt d'Initiative vun den Dokteren e bëssen erstéckt gouf duerch eng Konventioun, déi eisem Verständnes no dann awer elo eng Antenn ginn ass."

D'AMMD hätt sech zwar eng Relatioun mat engem Spidol gewënscht, mee d'Doktere sollten den Zenter selwer organiséieren.

Krankekeess iwwerhëlt Fraise fir Patienten

An engem Communiqué vum Gesondheetsministère heescht et dann, datt e weidert Zil fir d'Waardezäite fir d'IRMen ze verkierzen elo erreecht gi wier.

De Finanzement leeft iwwer d'Konzept vum virage ambulatoire, d'Krankekeess iwwerhëlt dann och sämtlech Fraise fir de Patient, esou nach de Communiqué vum Gesondheetsministère.