Radioen

On air

Notturno  |  Macie Stewart - Maya, Please

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Warnung an Hoffnung zugläich

Schlussrapport vum Weltklimarot

Warnung an Hoffnung zugläich

D'1,5 Grad-Mark vun der Äerderwiermung wäert wuel bis 2035 erreecht ginn. Et wier quasi net méi d'Fro op dës Grenz erreecht gëtt, ma wéi et duerno weider geet. Dat war eng vun den Aussoe bei der Presentatioun am Schlussrapport vum Weltklimarot iwwer d'Konsequenze vun der Klimakris. De Chef vum Weltklimarot, Hoesung Lee, huet de Rapport trotz den negative Fakten awer als Message vun der Hoffnung bezeechent.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Elo scho läit d'Äerderwiermung bei ronn 1,1 Grad. Wann d'Regierungen hir Efforte fir d'CO2-Emissiounen ze reduzéieren net massiv géife verstäerken, géif d'Welt op eng Erwiermung vu bis zu 3,5 Grad zousteieren, ass et d'Warnung am Rapport.

De Rescht vum Joerzéngt ass entscheedend

Mat den néidege Moossname kéint ee mëttel- bis laangfristeg d'Erwiermung awer nees bremsen an esouguer géigesteieren. D'Zukunft léich an eisen Hänn, huet ee vun den Auteure vum Rapport, Peter Thorne, betount.

"De Rescht vun dësem Joerzéngt ass de Schlëssel. De Rescht vun dësem Joerzéngt entscheet, op mir gebremst an d'Erwiermung op deem Niveau gestoppt kréien."

Den Ament klammen d'CO2-Emissiounen ëmmer nach weider, no engem kuerze Réckgang wéinst der Corona-Pandemie. Iwwerdeems beschleunegt sech de Klimawandel an extrem Wiederphenomener ginn ëmmer méi heefeg.

Dovun am meeschte betraff si Mënschen an den am mannste wirtschaftlech entwéckelte Länner, indigeen Vëlker, kleng Liewensmëttelproduzenten a Stéit mat nidderegem Akommes.

Méi Investitioune sinn néideg

Et sinn deemno drastesch Mesuren néideg, an zwar op allen Niveauen a weltwäit, ass et d'Fuerderung vum Weltklimarot. De Chef vum IPCC, Hoesung Lee, gesäit de Rapport an deem Kontext och als Message vun der Hoffnung.

"Dëse Rapport hieft kloer ervir, datt mir d'Technologie, d'Wëssen an déi néideg Instrumenter hunn, fir d'Klimaproblemer unzegoen."

Et misst allerdéngs dräi bis sechs mol méi an de Klimaschutz investéiert ginn ewéi bis elo, huet den Hoesung Lee weider betount.

"Et si genuch finanziell Ressourcen do, fir d'Zäregas-Emissioune rapid ze reduzéieren. Mee et geet net just ëm d'Quantitéit vu Suen. Et geet och drëm wéi a wou se verdeelt ginn."

Vulnerabel Regiounen hätten einfach net genuch Moyene fir géint den Impakt vum Klimawandel ze kämpfen. Et géifen awer Weeër ginn, fir déi Barrièren opzehiewen, esou den Hoesung.

COP28 am Dezember zu Dubai

Regierunge missten dobäi eng Schlësselroll anhuelen a kloer Signaler un d'Investisseure schécken, datt de Klimawandel an de Kampf dogéint eng Realitéit ass. Donieft misst awer och de Finanzsecteur selwer d'Drénglechkeet vun der Situatioun erkennen.

De Bericht vum Weltklimarot berout op sechs Rapporten aus de leschten aacht Joer, déi dausende Wëssenschaftler ausgeschafft hunn. E soll déi faktesch Basis duerstellen, fir déi politesch a wirtschaftlech Decisiounen op der Welt an den nächste Joren.

Ugefaange mam UNO-Klimasommet am Dezember zu Dubai, der COP28, wou en éischte Bilan vun den Efforte vun all Land am Paräisser-Klimaofkommes virgestallt an iwwer d'Zukunft vun de fossillen Energien diskutéiert wäert ginn.