Radioen

On air

De Weekend  |  Maribou State - Otherside Feat. Holly Walker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ déi jonk Lénk: Facebook-Polemik war "net ganz glécklech"

ëmstridde facebook-posts

déi jonk Lénk: Facebook-Polemik war "net ganz glécklech"

D'Tania Mousel vun déi jonk Lénk bezeechent d'Polemik ronderëm zwee Facebook-Posts vun hirer Partei als "onglécklech". D'Posts waren ouni intern Ofsprooch an der Partei online gesat ginn. Op engem dovu war de Wladimir Putin plakeg op engem rosa Päerd ze gesinn, nieft dem Slogan "Make Love not War".

auto_stories

2 min

D'Tania Mousel vun déi jonk Lénk. (Foto: Jo Diseviscourt)

D'Tania Mousel sot hei op der Antenn, si géif net dovun ausgoen, datt d'Diskussioun ronderëm déi ëmstridde Posts vun der leschter Woch d'Walresultat vun déi Lénk negativ beaflosst.

"Ech weess elo net, op ee Post, deen net esou glécklech eriwwer komm ass dräi Méint virun de Walen, op deen elo wierklech d'Resultat géif beaflossen. (...) Ech weess éierlech gesot net op dat laangfristeg der Partei schuet. Dat mengen ech wier e bëssen iwwerdriwwen ze soen."

Kee Virworf un de Serge Tonnar

Déi jonk Lénk bezeechnen d'Polemik ronderëm zwee Facebook-Posts vun hirer Mamme-Partei als "onglécklech": Et hätt ee sech zwar an der Partei d'Zil gesat, méi provokativ ze kommunizéieren, et wier awer net gutt, wann dat just negativ Reaktiounen ervir rifft, esou d'Tania Mousel vun déi jonk Lénk hei op der Antenn. Si mécht dem Serge Tonnar awer kee Virworf. De Museker hat déi ëmstridde Posts fir d'Partei geschriwwen, ouni dat intern ofzeschwätzen.

"Et war gesot ginn, datt de Serge Tonnar sech ëm eise Facebook-Content géif këmmeren, an datt een eeben och roueg kéint provokativ sinn. Bon, wann een elo d'Reaktioune kuckt, da verdroen d'Leit dat vläicht net. Da musse mir kucken, datt mir déi Saachen an Zukunft besser ausdiskutéieren. Mee et ass awer elo net esou, datt hien iergendeppes gemaach hätt, wat him net erlaabt gi war. Et war gesot ginn, hie kéint sech ëm Facebook këmmeren."

Op den ëmstriddene Facebook-Posts, déi déi Lénk d'lescht Woch publizéiert haten, war ënnert anerem ee Bild ze gesinn, op deem de russesche President Wladimir Putin plakeg op engem rosa Päerd reit. Donieft stoung de Sproch "Make Love not War".