Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Staves - I Don't Say It But I Feel It

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Rekordzuel vun ongültege Stëmme bei de Gemengewalen

Walziedel falsch ausgefëllt

Rekordzuel vun ongültege Stëmme bei de Gemengewalen

D'Inneministesch Taina Bofferding wëll, souwäit dat méiglech ass, analyséiere loossen, firwat bei de rezente Gemengewalen eng Rekordzuel vun ongültege Stëmme registréiert gouf. 5,19 Prozent vun de Walziedele wiere falsch ausgefëllt ginn, souvill wéi nach ni.

auto_stories

2 min

Eng méiglech Explikatioun dofir schéngt der Inneministesch awer ze kuerz gegraff.

"Oft héieren ech, datt haaptsächlech bei den auslännesche Matbiergerinnen a Matbierger de Problem géif bestoen, datt si de Walsystem net esou genau kennen. Bei de leschte Landeswalen 2018, do ware mir och bei bal 5 Prozent ongültege Walziedelen an do ginn d'Auslänner awer net wielen."

Et géif sech undeiten, datt de Phenomen a grousse Gemengen, wou vill Mandater ze verdeele sinn, méi verbreet wier wéi a klengen - well de Risiko, sech ze verrechnen do natierlech och méi grouss wier.

Aus dem "congé politique" gëtt eng "décharge pour activités politiques"

Sou steet et an engem Projet de loi, deen d'Inneministesch Taina Bofferding virun 11 Méint op den Instanzewee geschéckt huet. D'Gesetz wäert sech awer herno net drop limitéieren, der Fräistellung fir politesch Aarbecht en neien Numm ze ginn. Soubal d'Gesetz ugeholl ass, soll d'Zuel vu fräie Stonnen iwwer e Reglement grand-ducal eropgesat ginn. Domat gëtt enger Fuerderung vu ganz ville Lokalpolitiker Rechnung gedroen. Fir d'Taina Bofferding ass déi Reform awer just eng Tëschenetapp.

"Meng laangfristeg Solutioun ass, datt mir eng Kéier e proppere Statut kréie fir déi Gewielten, mat enger kompletter Sozialofsécherung. Mir haten elo Fäll vu Fraen, déi am Schäfferot waren, déi e Kand kritt hunn, déi da Congé de maternité a Congé parental haten ... all déi Fäll, do ass näischt virgesinn. Dat fannen ech schued. Dat misste mir eng Kéier änneren. A wann ech soe Statut, da musse mir och déi ganz Diskussioun vun den Duebelmandater ugoen, dat hänkt alles zesummen. Mee dat ass fir mech awer déi laangfristeg Solutioun: e proppere Statut fir de Gemengesecteur anzeféieren."