Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Sam Tanson: Déi gréng mussen hir Aarbecht elo méi erklären

Politik

Sam Tanson: Déi gréng mussen hir Aarbecht elo méi erklären

Déi gréng sinn e wéineg frustréiert, datt hir vill Aarbecht an der Regierung net genuch vun de Leit géif unerkannt ginn. Dat hat déi national Spëtzekandidatin Sam Tanson schonn de leschte Samschdeg an hirer Ried um Walkongress vun der Partei gesot.

auto_stories

2 min

Ass et net e bëssen naiv ze mengen, datt Fläiss an der Politik vum Wieler belount géif ginn? Si wier op alle Fall esou grouss gezu ginn, datt Fläiss eng Valeur ass, déi een ze respektéieren huet an déi een och weiderbréngt, äntwert dorop d'Sam Tanson.

"Mir engagéieren eis jo politesch, fir Saache weider ze bréngen. An et bréngt een eppes weider andeems ee schafft, andeems ee sech asetzt an andeems een och Resultater huet. Dat geet natierlech am Politeschen eleng net duer, do schwéngt nach vill aneres mat."

Et wier och net esou, wéi wann déi gréng net wéissten, datt do och d'Kommunikatioun, also d'Vermëttlung vun der Aarbecht, eng wichteg Roll géif spillen. A genee dat géifen déi gréng an den nächste puer Méint am Virfeld vun de Chamberwalen och maachen, sou d'Sam Tanson.

Keng konkret Koalitiounsausso

Déi gréng géifen och nom 8. Oktober gär an der Regierungsverantwortung bleiwen. Dat gëtt hir Spëtzekandidatin Sam Tanson ze verstoen, ouni eng Koalitiounsausso wëllen ze maachen. Wichteg wier, datt ee sech op eng ambitiéis Politik kéint eenegen, sou wéi se déi lescht zéng Joer an der aktueller Konstellatioun méiglech gewiescht wier. Déi gréng Partei ass sech awer bewosst, datt den aktuelle Kontext fir si net onbedéngt favorabel ass - och wa se net direkt versteet, firwat.

Déi gréng Regierungsvertrieder hätte vill geschafft a wa sech dat a Sondagen net sou géif weisen, da wier dat een Defizit deen een elo duerch zousätzlech Kommunikatiounsefforte misst kompenséieren.