Radioen

On air

Tockcity  |  Bibiza - Tanzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Staatsschold: D'Paulette Lenert ass géint eng strikt Limitt

Chamberwalen 2023

Staatsschold: D'Paulette Lenert ass géint eng strikt Limitt

D'LSAP wëll sech an de nächste Joren net un eng strikt Uewergrenz bei de Staatsscholden halen. Dat sot déi Spëtzekandidatin vun de Sozialisten hei op der Antenn. D'Paulette Lenert huet betount, hir Partei wier bereet d'Staatsschold op iwwer 30 Prozent vun der Wirtschaftsleeschtung klammen ze loossen, wann dat et erlaabt wichteg Investissementer an Zukunft vum Land ze finanzéieren.

auto_stories

2 min

Op d'Staatsschold elo 30, oder 31 oder 32 Prozent vum PIB läit, wier net relevant fir anzeschätzen, wou d'Land dru wier, esou d'Paulette Lenert am 100,7-Interview. Et géing ganz op d'Investissementer ukommen, déi een als Land géing maachen, esou d'Paulette Lenert.

"...op déi elo bei 30, oder 31, oder och 32 Prozent läit, an dann erëm eng Kéier eroffält. Dat ass fir eis net relevant fir eist Land anzeschätzen, well mer der Meenung sinn, datt een dat global muss kucken. A wa mir intelligent Investissementer an d'Zukunft vum Land maachen, da stäerkt dat eist Land mëttelfristeg. A mir sinn och iwwerzeegt, datt een dat international verkaf kritt."

Logement: "Déi néideg Mesuren huelen"

D'LSAP wëll méi staatlech Suen an de Bau vu Wunnengen investéieren. Dat huet d'Spëtzekandidatin vun de Sozialisten hei op der Antenn ënnerstrach. Donieft missten och d'Prozedure vereinfacht ginn, fir datt an Zukunft méi séier ka gebaut ginn, esou d'Paulette Lenert.

Si huet dobäi net verstoppt, datt der LSAP hir Proposen an der Logementspolitik zum groussen Deel déi selwecht sinn, ewéi déi vun deenen anere grousse Parteien.

"Si ënnerscheede sech effektiv net grondsätzlech. Ech ka just fir mech soen, datt ech eng Réi Erfarung hunn: Ech sinn deemools rekrutéiert gi vum Här Juncker fir d'Cellule de Facilitation am Urbanismus opzebauen."

Et wier nach Loft no uewen, esou d'Paulette Lenert. Si géing sech dofir asetzen, d'Ziler awer ze erreechen wat de Logement ugeet.

"Dat ass a mengen Aen net esou viru gaang, an net esou ugaang ginn, wéi een et vläicht hätt kënnen. Et ass eppes Technesches. Do mussen d'Leit drop vertrauen, wiem se hir Stëmm ginn dofir. Mir wäerten eis dofir asetzen, an och déi néideg Mesuren huelen."

Et géing also nach Sputt no uewe ginn, resuméiert d'Paulette Lenert.