Radioen

On air

Am Buedmantel  |  John Lurie, Marc Ribot, Marvin Pontiac & Tony Scherr - Pancakes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Myriam Cecchetti: "Mir hunn einfach kee Choix méi"

Pensiounsfong

Myriam Cecchetti: "Mir hunn einfach kee Choix méi"

26 Milliarden Euro: Dat si ganz vill Suen. An der Chamber gouf driwwer diskutéiert, wouran des Zomm soll investéiert ginn. Et geet dobäi em d'Suen aus eisem Pensiounsfong - also déi finanziell Reserven, déi eis Pensioune sollen ofsécheren.

auto_stories

2 min

Déi Lénk fuerderen, datt d'Suen aus dem Pensiounsfong net méi an Energien investéiert ginn, déi net erneierbar sinn. Grouss Energiekonzerner missten dem Pensiounsfong d'Méiglechkeet ginn, just nach an hir erneierbar Aktivitéiten ze investéieren, esou d'Myriam Cecchetti hei op der Antenn.

Keng Verloschter fir de Pensiounsfong

Wann dat net geschitt, soll de Pensiounsfong keng Aktie méi vun dëse Betriber kafen, esou d'Deputéiert vun Déi Lénk. Si ass och net der Meenung, datt de Fong doduerch wäert Verloschter maachen:

"Wann een sech do am Detail domat befaasst, da gesäit een, datt mëttlerweil d'Renditten tëscht erneierbaren a fossillen Energië guer net méi wäit ausernee léien. Dat heescht: Et huet ee Renditten, déi relativ héich sinn, och op der aner Säit. Vläicht ganz e wéineg manner, mee dat kann een haut net méi esou soen."

Et géing an d'Richtung vun den erneierbaren Energie goen, sou déi Deputéiert vun déi Lénk. Fir d'Myriam Cecchetti ass eppes sécher: "Mir hunn einfach kee Choix méi".

Och Energiekonzerner si gefuerdert

Des Weidere sot d'Myriam Cecchetti, datt dat och fir Energiekonzerner soll gëllen, déi esouwuel fossil, wéi och erneierbar Energië produzéieren:

"Ech ginn dann als Beispill: Shell. Déi maache jo och erneierbar Energien. Wa mir da soen: Mir kënne jo net net méi an déi investéieren, well si maache jo schliisslech och erneierbar Energien. Da kann een zu der Firma soen: Ma da proposéiert dir eis e Package, wou mir eis Suen da just an déi erneierbar Energien investéieren, mee net méi an de Pëtrol."

Op d'Nofro hin, op si menge géing, datt d'Entreprisen hir Aktië géingen opdeele fir dem lëtzebuerger Pensiounsfong entgéingt ze kommen, sot déi Deputéiert: "Oder si kréie keng Sue méi vun eis."