Déi zwee Buergermeeschter:inne beäntwerten dës Fro, datt se frou wieren eng eegeständeg Gemeng ze sinn, mee eng Zesummenaarbecht mat dem aneren net am Wee géif stoen. D'Monique Smit-Thijs erkläert, datt déi zwou Gemenge schonn a ville Beräicher géifen zesumme schaffen.
"Mir hunn eng Schwämm zesummen, eist Ofwaasser geet zesummen op Bartreng, mir hunn de Fierschter zesummen", seet de Nico Pundel. "Mir hu Stroossen, déi deels Bartreng deels Stroosse sinn, mir hunn deeselwechte Fierschter, mir hunn eise PAG ausschaffe gelooss vum selwechte Büro", ergänzt d'Monique Smit-Thijs.
Déi zwou Gemenge géife gutt beienee passen, och vun der Mentalitéit hier. Do wou et sënnvoll an och néideg wier, géif Bartreng a Stroossen zesumme schaffen.
Houfreg, datt sou vill Auslänner sech op d'Wallëschten agedroen hunn
Zu Bartreng hätte sech méi wéi 20 Prozent vun den Auslänner fir d'Walen ageschriwwen, sot d'DP-Buergermeeschtesch vun do Monique Smit-Thijs. Hiren Homolog vu Stroossen Nico Pundel (CSV) freet sech souguer iwwer d'Inscriptioun vu bal 27 Prozent vun den Auslänner a senger Gemeng.Den Nico Pundel, Buergermeeschter vu Stroossen ënnersträicht awer, datt dat net vum selwe gaange wier, mee mat vill Opwand verbonne gewiescht wier.
Si hätte Leit interviewt a Postere gemaach op deenen de Message an hirer Landessprooch drop steet an och Videoe mat deene Leit gedréit. Den Nico Pundel ënnersträicht, datt déi national Campagne awer net duer géif goen. Et misst ee seng Bierger spezifesch uschwätzen an hinnen erkläeren, datt et ëm hir Gemeng géif goen a si och matbestëmme kéinte wa se wiele géife goen.