Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ De Stater Commerce an d'Nowéie vum Trams-Chantier

Stater Braderie

De Stater Commerce an d'Nowéie vum Trams-Chantier

De Commerce am Garer Quartier géif nach ëmmer ënnert den Nowéie vum Trams-Chantier leiden: dat sot d'Mireille Rahmé-Bley, d'Presidentin vum Stater Geschäftsverband hei op der Antenn. Si war um Dag vun der Braderie eis Invitée vum Dag.

auto_stories

2 min

Ënnert de Geschäftsleit hätt d'Akzeptanz vum Tram, déi jo ugangs net ganz grouss war, mat der Zäit zougeholl. A si géifen haut och net méi am selwechte Mooss wéi nach virun 20 Joer iwwer e Manktem vu Parkplaze kloen, sou d'Mireille Rahmé-Bley.

"Ganz sécher net. Well wann Dir haut an d'Stad gitt, an der Woch zum Beispill, do fannt Dir iwwerall Parkplazen. Et ass just samschdes wou et méi schwiereg gëtt. Mee ech mengen an all Groussstad ass de Samschdeg den Haapt-Geschäftsdag: do ass et schwiereg eng Parkplaze fannen. Mussen d'Leit da wierklech mam Auto bis virun d'Dier kommen?"

Puer Loyere sinn erofgaangen

Eng 20 Geschäftslokaler stéingen am Moment eidel ronderëm d'Gare. Och d'Problematik vun der Sécherheet wär zum Deel responsabel dofir. An der Uewerstad hätt de Problem vum Leerstand vu Geschäftsflächen sech dogéint verbessert.

Wat sécher geännert hätt wier, datt ganz vill Proprietäre sech och bewosst gi sinn, datt se net méi egal wat fir ee Loyer kënne froen. Wee sech haut wëll néierloossen, dee géing wierklech ganz gutt rechnen, esou d'Mireille Rahmé-Bley.

"Et brauch ee schonn ee Businessplang fir iwwerhaapt Sue vun enger Bank geléint ze kréien. A wann een do scho gesäit, dass ee mam Loyer net iwwer d'Ronne kënnt, da loossen déi sech och net do nidder. Also de Loyer spillt schonn eng ganz grouss Roll. Sinn d'Loyere sinn erofgaangen? Net iwwerall, mee et sinn awer Loyeren, déi erofgaange sinn."