Den Henri Haine mengt, datt eng Fusioun mat Keel-Téiteng iergendwann en Thema kéint ginn. Si hätten elo schonn eng ganz enk Zesummenaarbecht mat der Nopeschgemeng an hätten och gemeinsam Syndikater.
"Mir hunn och an de leschte Joren eng Analys vun eise Besoinen am (Schoul-)Sportberäich gemaach. Mir schaffen zesummen an der Mobilitéit, wou mir bei Ministère waren, well mir fir d'Keeldall Virstellungen hunn, wat pistes cyclablen ubelaangt, wat den Zuch ubelaangt, wat eng Busprioriséierung ubelaangt asw. Also mir hunn eng ganz staark Coopératioun mat eiser Nopeschgemeng."
Den Michel Malherbe betount, datt hie schonn ëmmer bereet fir ee Fusiounsprojet gewiescht wier.
"Ech wäert awer kenger vu mengen Nopeschgemenge soen: Fusionéiert mat Miersch. Si musse selwer kommen. E grousse Partner geet elo net déi kleng froen: Wëllt der elo mat eis goen? D'Diere stinn awer op fir all Diskussioun."
Den Henri Haine geet net mat der LSAP an d'Chamberwalen
Ob eis Nofro ob de Henri Haine den 8. Oktober bei de Walen am Süden untriede wäert, sot hien, datt hie vun der Persoun déi zoustänneg fir de Südbezierk ass gefrot gi wier, awer net mat géif goen.
De Michel Malherbe dogéint wier nach net gefrot ginn. Géif seng Partei hien awer froe fir matzegoen, da géif hien dat och maachen.