Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Schengen: D'Oppositioun wëllt eng Zentralschoul verhënneren

Gemengewalen

Schengen: D'Oppositioun wëllt eng Zentralschoul verhënneren

Déi geplangt Zentralschoul an der Gemeng Schenge suergt weider fir Diskussiounen: D'Annette Willems-Kirsch, déi fir d'Oppositiounslëscht "Besser Zesummen" an d'Wale geet, schwätzt sech dofir aus, datt d'Gemeng Schengen hir dräi aktuell Schoulgebaier behält.

auto_stories

2 min

Wann eng grouss Schoul géif gebaut ginn, da géif de Wee bis an d'Schoul nämlech fir vill Kanner méi laang ginn, esou d'Annette Willems-Kirsch.

"Déi Kanner, déi elo kënnen zu Fouss goen, déi kënnen da net méi zu Fouss goen. Kanner kënnen och net méi mam Vëlo, oder zu Fouss heem iesse goen. Si mussen dann um Site bleiwen."

Dat géif och dozou féieren, datt Leit da mam Auto Rëmerschen erop an erof géife fueren. Iwwer deen zousätzleche Verkéier wieren déi Rëmerschener Leit warscheinlech net immens frou, sou d'Annette Willems-Kirsch.

E méi grousse Site mat méi Méiglechkeeten

De Buergermeeschter Michel Gloden wëllt awer trotz der Kritik un der geplangter Zentralschoul festhalen. Hien huet betount, d'Schüler kéinten an engem grousse Schoulgebai besser encadréiert ginn. Ënner anerem wéilt een d'Logopedie op dee Site bréngen an autistesche Kanner d'Méiglechkeet gi fir an déi Schoul ze goen.

"Et wäerte ganz aner Méiglechkeete gi fir d'Fräizäit ze verbréngen. Dat gëtt aktuell scho vu ganz engagéierte Leit gemaach, an awer gëtt et op engem grousse Site d'Méiglechkeet, d'Zäit ausserhalb vun der Schoulzäit ganz anescht ze verbréngen."

Buergermeeschter: Schengen ze kleng fir de Proporzsystem

Zu Schengen hunn d'Wieler den 11. Juni fir déi éischte Kéier de Choix tëscht zwou verschidde Lëschte: Anescht wéi viru sechs Joer, gëtt zu Schenge bei dëse Gemengen nämlech nom Proporz-System gewielt. An awer, trieden zu Schenge keng Parteie géinteneen un, mee zwou Biergerlëschten. Och de Buergermeeschter Michel Gloden huet keng DP-Lëscht opgestallt, obwuel hie Member an der liberaler Partei ass.

Hien a seng Ekipp wieren dovun iwwerzeegt, datt Parteien a Gemenge mat der Gréisst vu Schengen op kommunalem Plang "eigentlech keng grouss Valeur" dierften hunn.