Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marceline Georgen: "Dräi Parteie sinn u mir interesséiert"

Interview

Marceline Georgen: "Dräi Parteie sinn u mir interesséiert"

D'Marceline Georgen huet nach net decidéiert, ob si an der Stad nach eng Kéier mat an d'Gemengewale geet: Déi fréier ADR-Politikerin sot awer, si hätt scho vun dräi anere Parteien eng Plaz op hirer Lescht fir d'Gemengewalen ugebuede kritt.

auto_stories

1 min

Vu wéi enge Parteie si eng Plaz op hirer Lëscht fir d'Gemengewalen ugebuede krut, wollt d'Marceline Georgen net soen. Bei dëser Decisioun wieren awer verschidde Froen ze berécksiichtegen, erkläert si: "Well fir mech ass awer och wichteg: Wat wëllt déi Partei vu mir? A kann ech mech mat der e bëssen identifizéieren?"

Si wéilt sech och nach e puer Méint Zäit loossen, éier si eng Decisioun hëlt, esou d'Marceline Goergen weider:

"Ech brauch jo och déi Zäit fir iwwerhaapt ze kucken: Wat wëll ech? Wëll ech nach matgoen? An dann: Wou wëll ech matgoen? Dat briechen ech net iwwer de Knéi."

Am Moment sëtzt déi fréier ADR-Politikerin als onofhängeg Kandidatin um Knuedler. Si ass fir de ADR-Conseiller Roy Reding nogeréckelt, deen d'lescht Woch demissionéiert huet.