D'ADR huet als kloer Prioritéit méi staark ze ginn ewéi déi gréng bei de nächste Walen. De Fernand Kartheiser betount, datt si dorop wäerten hischaffen. De Fernand Kartheiser ass de Sonndeg iwwregens an de Gemengerot zu Käerjeng gewielt ginn, a wëllt dat Mandat och unhuelen.
Zefridde mat hirem Walresultat sinn och d'Piraten. Hiren Deputéierten Marc Goergen huet awer och drop higewisen, datt ee gutt Resultat bei de Gemengewalen net automatesch géif bedeiten, datt d'Piraten och d'Chamberwale gewannen. Et wier dofir wichteg sech weiderhin dorop ze konzentréieren eng gutt Aarbecht an der Chamber ze maachen.
Nathalie Oberweis geet net méi mat an d'Chamberwalen
Déi Lénk sinn iwwerdeems enttäuscht vun hirem Resultat bei de Gemengewalen. Hir Deputéiert Nathalie Oberweis sot hir Partei wéilt probéieren hir Kommunikatioun virun de Chamberwalen ze iwwerschaffen.
An déi Chamberwalen geet d'Nathalie Oberweis selwer awer net méi mat. Si hätt festgestallt, datt et "immens schwéier" wier hiert Mandat an der Chamber ze erfëllen a gläichzäiteg fir hir Kanner do ze sinn, esou d'Deputéiert vun Déi Lénk. Hiirt Mandat am Stater Gemengerot wëllt si awer unhuelen.