Radioen

On air

Notturno  |  Maya Ongaku - Iyo No Hito

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Piraten fuederen Loyer vun 10 Euro pro Meterkaree fir staatlech Wunnengen

Chamberwalen

Piraten fuederen Loyer vun 10 Euro pro Meterkaree fir staatlech Wunnengen

D'Pirate bleiwe bei hirer Fuederung no Wunnenge mat engem Loyer vun 10 Euro pro Meterkaree. Dat sot d'Co-Spëtzekandidatin vun de Piraten am Zentrum de hei op der Antenn. D'Mandy Arendt huet awer präziséiert, dee Präiss soll fir Wunnengen gëllen, déi vum Staat gebaut ginn.

auto_stories

1 min

Fir staatlech Wunnenge mat engem Loyer vun 10 Euro de Meterkaree missten an engem spéidere Verlaf awer Krittäre gesat ginn, ënnersträicht d'Mandy Arendt.

"Fir datt mer elo herno net eng Persoun hunn, déi 300 000 Euro d'Joer verdéngt, datt déi dann an esou enger Wunneng setzt.

Sou Leit hätten och aner Moyene fir sech eppes ze kafen oder ze lounen, fënnt D'Co-spëtzekandin vum Zentrum fir d'Piraten. Dofir misst do och no de Besoine vun de Leit gekuckt ginn

Duebelmandat kéint "ganz beräicherend" sinn

D'Mandy Arendt ass zanter Kuerzem och Buergermeeschterin vun der Gemeng Colmer-Bierg. A si seet, si wéilt dat och bleiwen, wann se am Oktober géif an d'Chamber gewielt ginn.

Et kéint fir eng Gemeng "ganz beräicherend" sinn, wann d'Buergermeeschterin och an der Chamber vertrueden ass, esou d'Mandy Arendt.

"Wann een en Deputéierten an der der Chamber huet, ginn och vläicht verschidde Projeten anescht bekuckt, an et kann een sech dee Moment da besser abréngen."

D'Pirate géifen sech an hirem Programm net géint Duebelmandater ausschwätzen.