Radioen

On air

Notturno  |  Richard Dawson - Jogging

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Projet Duerfkär wäert erneiert a Verkéiers-berouegt ginn

Gemeng Beetebuerg

Projet Duerfkär wäert erneiert a Verkéiers-berouegt ginn

Den Duerfkär vu Beetebuerg wäert an den nächsten 10 bis 15 Joer erneiert a Verkéiers-berouegt ginn. Et gëtt en deiere Projet fir eng Gemeng, déi elo schonn déi am véiert héchst verschëlt am Land ass.

auto_stories

2 min

Laurent Zeimet, CSV Buergermeeschter a Marco Estanqueiro, LSAP Co-Spëtzekandidat (Foto: Lisa Lahos)

Den CSV-Buergermeeschter Laurent Zeimet erkläert, datt de Projet Duerfkär nëmmen a Phase kéint realiséiert ginn, aus finanziellen awer och villen anere Grënn. D'Prioritéit géif an de nächste Joren déi vum Ausbau vu Schoul a Maison Relais bleiwen. Nëmme wa si déi Capacitéiten hätten, kéint een och iwwer een neie Wunnraum nodenken.

D'Sozialiste ware bei de Walen 2011 an 2017 déi stäerkst Partei

Beetebuerg ass eng Héichbuerg vun der LSAP. Tëscht 1988 an 2011 huet si, wärend 23 Joer, ouni Ënnerbriechung de Buergermeeschter gestallt. Zanterhier gëtt d'Gemeng vun enger Dräier-Koalitioun (CSV, déi gréng an DP) geféiert.

D'Sozialisten hoffen déi stäerkst Partei ze bleiwen, fir nom 11. Juni och nees un d'Rudder ze kommen. Am Hibléck dorop hätte si sech personell staark erneiert, sot hire Co-Spëtzekandidat Marco Estanqueiro. Si géifen domat een neit Gesiicht weisen a géifen och nei Iddie fir Beetebuerg verspriechen.

De Marco Estanqueiro deelt d'Spëtzekandidatur mam Iza Golinska, déi och Co-Presidentin vun de jonke Sozialisten ass. De Roby Biwer, deen zanter ville Jore Leader am Gemengerot wier, hätt sech fräiwëlleg op déi zweet Rei op der Lëscht zréckgezunn. D'Konstellatioun wier esou vun hire Gremien decidéiert ginn. Et wier unanime mam Roby Biwer ofgemaach gewiescht ënnersträicht de Spëtzekandidat Marco Estanqueiro.